Radioen

On air

Notturno  |  Marcus Marr - Familiar Five

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech si fierchterlech optimistesch"

Nohalteg Entwécklung a soziale Wandel

"Ech si fierchterlech optimistesch"

Wéi kann ee sech anescht organiséiere fir déi global Problemer vun der Welt nohalteg unzegoen? De Studiegang "Sustainable Development and social Innovatioun" sicht Äntwerten op déi Fro. Transdisziplinär, praktesch, kollektiv, horizontal sollen nei Analys-, Entscheedungs-, Impakt- an Evaluatiounsmethode vermëttelt ginn. Grouss Problemer solle sou lokal besser geréiert ginn, seet d’Wëssenschaftlerin a Projektleederin Ariane König.

auto_stories

2 min

Ariane König

De "Sustainable Development and social Innovation" viséiert dräi Léierziiler an Approchen:

  1. Vernetzt a systemescht Denken: un der Schnëttstell tëscht Gesellschaft a Ëmwelt, Mënsch an Natur
  2. Zukunftsorientéiert Denken: wéi kënne mir besser antizipéiere léieren
  3. Kollaborativt schaffen: "mat ville Käpp denke léieren am Plaz mat engem"

Déi Method kann a vill Beräicher applizéiert ginn: Energie, Waasser, Mobilitéit, Solidarwirtschaft, Logement, Landwirtschaft...

E Studiegang fir "kompetent Bierger" a "reflektéierend Praktiker"

Jiddereen dee motivéiert ass, ka sech fir den Zertifikat aschreiwen, och ouni fäerdege Bachelor- oder Master Diplom. Esouwuel Studente wéi Leit am Beruff, a vun allméigleche Sparten. Nieft puer Haaptvirliesunge gëtt vrun allem an Aarbechtsgruppe geschafft. De Studiegang op der Uni Lëtzebuerg dauert ee bis dräi Joer a kascht 200 Euro. Haaptsprooch ass Englesch. D'Alterspan geet vun 20 bis 70 Joer.

D'Experte kommen aus verschiddene wëssenschaftlechen a praktesche Beräicher, esouwuel vu Lëtzebuerg (LIST, EIF, BCEE, IBLA) wéi och vun auslänneschen Unien an aus dem Privatsekteur.

Zil ass et, verschidde Beräicher fir Lëtzebuerg systemesch z'analyséieren, fir ze kucke wéi se nei opgestallt kënne ginn: de Waasserzyklus, de Logement, de Bildungssystem... "Mir gräifen op global Theorien zréck fir lokal Léisungen ze fannen", seet d'Ariane König. Do kéim een och net dolaanscht, de Wuesstemsmodell kritesch ze hannerfroen.

"Ech si fierchterlech optimistesch. Ech spieren e Wandel a ganz villen iwwerraschenden Ecke vun der Gesellschaft", esou d’Wëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg. Si géing dru gleewen, datt Internet, nei Methoden, gedeeltent Wëssen a lokale Gemeinschafte kombinéiert mat engagéierte Bierger, dozou bäidroen, besser ze verstoen a Léisungen zu systemesche Problemer ze fannen.

Jeremy Rifkin: Gutt Iddien awer dacks iwwerflächlech

De Beroder vun der Lëtzebuerger Regierung, Jeremy Rifkin huet interessant Léisungsvirschléi, seet d’Ariane König vun der Uni Lëtzebuerg. Der Spezialistin fir nohalteg Entwécklung a sozial Innovatioun no, wéisst den amerikaneschen Economist awer net gutt Bescheed iwwert de spezifesch Lëtzebuerger Kontext. De Jeremy Rifkin a seng Equipe wären net gutt virbereet gewiescht, fir hire Projet vun enger drëtter Industrieller Revolutioun fir Lëtzebuerg. Och seng Analysen an anere Beräicher wären dacks iwwerflächlech, seet d’Ariane König

Den Jeremy Rifkin krut am September d'lescht Joer den Optrag vun der Regierung kritt, fir eng strategesch Etude iwwert den Innovatiounspotential vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ze maachen. D'Etude sollt zeng Méint daueren a 450.000 Euro kaschten.