Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Walkampf nom Motto: Pleiten, Pech und Pannen

Bundestagswalen

E Walkampf nom Motto: Pleiten, Pech und Pannen

E Sonndeg ginn an Däitschland en neie Bundestag an eng nei Regierung gewielt. Et war e Walkampf, deen inhaltlech enttäuscht huet, awer spannend wéi scho laang net méi bleift. Virun allem waren et d'Faux-Pase vun de Kandidaten, déi dominéiert hunn, mengt eisen Korrespondent zu Berlin, de Max Tholl, a sengem Réckbléck.

auto_stories

3 min

No de leschte Wochen a Méint bléiwe gemëschte Gefiller, wann een den däitsche Walkampf analyséiert. Jo, et ass zwee Deeg virun der Wal alles denkbar knapp, an awer, war et sécherlech net de Walkampf, deen ugesiichts vun den Erausfuerderungen néideg gewiescht wier. An Ëmfroen gouf ëmmer nees confirméiert, datt d'Ëmwelt- a Klimakris fir d'Wielerschaft een ganz entscheedende Sujet ass.

Et feele Konzepter fir de Klimaschutz

Datt d'Land dann och nach eng desastréis Héichwaasserkatastroph huet missen duerchstoen, huet d'Drénglechkeet sécherlech net reduzéiert. En effikassen Klimaschutz wëllen um Pabeier zwar allen dräi Kanzlerkandidaten, mee et feelen deelweis déi néideg Konzepter. D'Annalena Baerbock vun de Gréngen ass hei am ambitionéiersten, mee bei der SPD an CDU gesäit et schonn anescht aus. De Sozialdemokrat Olaf Scholz huet proklaméiert, hien wéilt "Klimakanzler" ginn, a gläichzäiteg betount en moderate Wee anzeschloen. Vollgas mat ugezunnener Handbrems also.

Ëmmerhin gouf de Klimawandel wéinstens op d'Agenda gesat, well wien aus dem Ausland den däitsche Walkampf observéiert huet, konnt d'Gefill kréien, datt et sech hei ëm eng isoléiert Insel géing handelen. Europa oder Aussepolitik waren nämlech quasi inexistent. Eenzeg d'Lag am Afghanistan war e puer Deeg Theema.

Soss waren et virun allem d'Sozialpolitik, de Wunnengsmaart, d'Wirtschaft an natierlech och d'Pandemie an hier Begleeterscheinung d'Querdenkerbeweegung déi dëse Walkampf gepräägt hunn. Dominéiert gouf en awer vun eppes anescht, an zwar de Faux-Pasen vun den dräi Kanzlerkandidaten. De Mediewëssenschaftler Bernhard Pörksen nennt et bei "Zeit Online" een "Triumph der Nebensächlichkeiten."

Enorm Schwankungen bei de Waltrends

Ze spéit deklaréiert Nieweverdéngschter, Ongereimtheeten am CV an am eegene Buch hunn der Annalena Baerbock de Wand aus de Seegelen geholl. Den CDU-Chef Armin Laschet hat vun Ufank un e schwéiere Stand, well aus der Schwësterpartei CSU ëmmer nees gëfteg Commentairen koumen.

Besonnesch vum Markus Söder, deen sech intern net géint de Laschet konnt duerchsetzen an him indirekt e "Schlafwagen-Wahlkampf" reprochéiert huet - net ganz zu Onrecht. Den Olaf Scholz muss sech iwwerdeems veräntwerten, well eng him zougewisen Unitéit vum Zoll an e Geldwäschereiskandal verwéckelt ass. De Walkampf, e stoung ënnert dem Motto "Pleiten, Pech und Pannen."

Dat erkläert och déi enorm Schwankungen, déi et am Waltrend gouf. Nach am Juli louch d'SPD a Sondagen ofgeschloen 15 Prozent hanner der CDU, elo läit si 2 Prozent virun hier. Déi Gréng waren am Mee nach stäerkst Partei hunn awer lues a lues ëmmer méi Réckhalt verluer a léien bei ongeféier 16 Prozent.

Gëschter Owend koumen nach eemol alleguer d'Spëtzekandidaten vun de Bundestagsparteien fir eng final Gespréichsronn zesummen. Hei stoung och d'Fro vu méiglechen Koalitiounen am Raum an do dinn sech ongewinnt vill Zenarien op. Jamaika mat der CDU, de Gréngen an der FDP? Eng Ampelkoalitioun mat der SPD, der FDP an de Gréngen oder awer eng Rout-Gréng-Rout Zesummenaarbecht - de "Linksrutsch" also, virun deem d'FDP an d'CDU warnen.

Oder - et et well een bal net drun denken - nach eemol GroKo? "Abgerechnet wird am Wahltag" sot d'Kanzlerin Angela Merkel zoutreffend mat Bléck op d'Wal. Déi eenzeg Gewëssheet déi et de Moment gëtt: fir si ass no 16 Joer Amtszäit Schluss.