Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Verfassungstext nach virun de Wahlen

Verfassungsrevisioun

E Verfassungstext nach virun de Wahlen

De Paul-Henri Meyers geet dovun aus, datt d'Institutiounekommissioun sech nach virun der grousser Vakanz iwwer de Verfassungstext wäert eens ginn. Deen Text soll dann an der neier Legislatur relativ séier kënne gestëmmt ginn.

auto_stories

3 min

Den CSV-Deputéierten Paul-Henri Meyers

Ofzewaarde bleift, ob d'Kommissioun och am Juli schonn iwwer déi verschidde Rapporten iwwer den Text wäert ofstëmmen. D'Iddi wier awer, datt virun de Wahlen en Text soll stoen, fir datt deen dann och an der Campagne soll thematiséiert ginn, sou de Paul-Henri Meyers.

Hie fënnt et schued, datt d'Verfassung net schonn an de Campagnen 2009 an 2013 méi en Thema war:

"Et sinn aner Sujeten, déi de Leit méi no geleeën hunn wéi d'Constitutioun. Et ass och schwiereg de Leit ee juristeschen Text méi nozebréngen, dee kompakt ass, eng grouss Kohärenz huet, deen eng gewëss Technik huet an der Juristerei an awer och kruzial ass. Menger Meenung no misst een e puer Sujeten erausgräifen an déi thematiséieren. Da muss een natierlech kucken, ob ee sech op déi ka festleeën, ob eventuell och een Accord kann do sinn, mat anere Parteien, wéi eng Sujeten datt thematiséiert ginn".

Wéini et dann zu engem Referendum kënnt, ass nach net gewosst. De Paul-Henri Meyers weist drop hin, datt d'Gesetz virgesäit, datt tëscht engem Referendum a Wahlen dräi Méint musse leien. Hie gesäit een éischte méiglechen Termin am Hierscht d'nächst Joer - ënnert der Bedingung, datt d'Chamber bis dohin en éischte Vote geholl huet.

Keng Tensioune mam Alex Bodry

De Paul-Henri Meyers widdersprécht iwwerdeems deem, wat d'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land d'lescht Woch ugedeit hat, nämlech datt et Tensiounen tëscht him an dem President vun der Institutiounekommissioun Alex Bodry géife ginn:

"D'Regierung hat mech, wéi se ugetrueden ass, gefrot, ob ech d'Presidentschaft (vun der Institutiounekommission, Red.) wéilt weiderféieren, den Här Bodry hat mech dat gefrot. An ech hunn dee Moment gesot, ech géif et besser fannen, wann de President der Majoritéit géif ugehéieren an net der Oppositioun. Wann ech dee Moment 'Jo' gesot hätt, wier ech President bliwwen. Datt den Alex Bodry mir dat selwer ugebueden hat, ass een Zeechen, datt tëscht him a mir keng Problemer sinn."

D'Lëtzebuerger Land hat d'lescht Woch geschriwwen, den Alex Bodry wéilt de Verdéngscht un der Verfassungsrevisioun fir sech an Usproch huelen an datt de Paul-Henri Meyers dowéinst net méi ëffentlech fir d'CSV iwwer d'Verfassung wéilt schwätzen.

Datt de Paul-Henri Meyers am Oktober net méi mat an d'Wahle geet, wier iwwerdeems säin eegene Choix gewiescht. Hien hätt dee Suspens awer bis zum Schluss hale wëllen, fir ze weisen, datt hien interesséiert wier, an datt hien nach näischt opginn hätt, esou den CSV-Deputéierten. Hien hätt och elo näischt opginn, och wann hien net mat an d'Wahle géif goen. Hie géif awer seng Aarbecht, déi hie vum Wieler kritt huet, bis zum Enn vun dësem Mandat fäerdeg maachen.