An zwee Qualifikatiouns-Tournoien hu sech de Gianluca Di Marco an de Steve Wissmann am Pro Evolution Soccer, enger Fussball-Simulatioun fir Konsolen a Computer dofir qualifizéiert, Lëtzebuerg an der elektronescher EM-Qualifikatioun ze representéieren. Do trefft een op Kosovo, Georgien, Nordirland, Litauen a Wäissrussland.
Wat vun de Spiller aus deene Länner ze erwaarden ass, wëssen déi zwee Lëtzebuerger Vetrieder net. Bis Mäerz, wann d'Matcher ufänken, wéilte si sech awer mat deenen aneren Ekippe vertraut maachen, seet de Gianluca Di Marco.
Bei der elektronescher EM-Qualifikatioun ginn et fënnef Gruppe mat jeeweils sechs Ekippen, deen Éischten aus all Grupp kënnt virun an déi Zweet-Placéiert spillen ënner sech nach eemol dräi Tickete fir d'Europameeschterschaft aus. Fir datt beim Tournoi jiddwereen déi selwecht Chancen huet, wäerten alleguer d'Spiller vun den eenzelen Natiounen op een Niveau gesat ginn, datt gutt Natiounen am Spill, wéi Däitschland an Italien, kee Virdeel hunn.
Den Gianluca Di Marco an de Steve Wissmann wäerten d'Matcher, déi se spillen, op hirem Twitch-Kanal streamen. Do fënnt ee si ënner hirem Gaming-Nimm: Golf_Rrrrracer an tristaan89.