No der éischter Schoulrentrée, nom Lockdown, hätt et an de Kompetenzzentere kee positive Fall vum Coronavirus ginn, esou d'Claudine Olinger. Bei der Rentrée elo begréisst si, datt fir d'Schüler och nees en Accueil no der Schoul méiglech ass.
Fir Schüler mat spezifesche Besoine wieren A/B-Gruppen an der Schoul keng Optioun gewiescht an och no der Schoul hätte si net esou einfach an eng Opfangstruktur kënne goen. "An elo si mer da frou, datt dat erëm méiglech ass. No der Schoul kënne si an d'Maisons relais goen oder an en anere Service, jee nodeem. An da kënne mer am Fong och erëm déi Inclusiouns-Mesürë maachen, spréch: déi interventions spécialisées ambulatoires", esou d'Claudine Olinger.
Spagat tëschent Thematiséieren an Normaliséierung
Net nëmme fir déi méi wéi 58.000 Schülerinnen a Schüler am Fondamental, mee och fir e gudden Deel vun den 840 Kanner mat spezifesche Besoinen an den aacht Kompetenz-Zentere geet et haut Dënschdeg nees lass. D'Rentrée markéiert e weidere Schrëtt zeréck an d'Normalitéit, sot d'Claudine Olinger, d'Presidentin vum Collège vun de Kompetenz-Zenteren de Mueren am 100,7-Interview. Si deelt d'Kritik (déi ee vereenzelt héiert), datt déi speziell Aspekter vun hirem Beräich net genuch ëffentlech thematiséiert géife ginn, net ganz.
"Ech géif soen, dat ass deels deels, datt ganz sécher net genuch geschwat gëtt driwwer. Op där anerer Säit wëlle mer jo awer eng gewëss Normaliséierung ustriewen, datt mer soen: eis Schüler ginn d'selwecht behandelt wéi déi aner, sou datt mer eis och an deem Feld wéi e Fondamental oder e Secondaire gesinn."