Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch: "E Ruck zu méi konservativ"

Gemengewahlen 2017

Esch: "E Ruck zu méi konservativ"

Eng vun de wuel gréissten Iwwerraschunge bei dëse Gemengewahle gouf et zu Esch. An der Minettemetropole, déi traditionell vu Parteie vum lénke Bord dominéiert gouf, huet d'CSV d'LSAP iwwerholl. D'CSV gouf domat stäerkst Partei. Et kënnt deemno zu engem Koalitiounswiessel zu Esch an do ginn et e puer Méiglechkeeten.

auto_stories

3 min

Scho relativ fréi hat sech zu Esch en Desaster fir d'LSAP ugekënnegt. Laang ier dat definitiivt Resultat bekannt war, louch d'CSV ex aequo an deels virun de Sozialisten. Dat sollt sech bis zum Schluss net méi änneren. Géint zéng Auer war et offiziell: D'CSV gouf stäerkst Partei zu Esch an huet 11,7 Prozent an zwee Sëtz par Rapport zu de leschte Wahle bäi gewonnen, fir op sechs Mandater ze kommen. D'LSAP ass vun néng op sechs Sëtz gefall. Déi sozialistesch Buergermeeschtesch Vera Spautz huet hir Enttäuschung net verstoppt:

"Ganz kloer: Mir hu verluer. Do gëtt et näischt, fir schéin ze schwätzen."

Bei der Escher CSV war de Spëtzekandidat Georges Mischo, dee méi Stëmme krut wéi d'Vera Spautz, vum eegene Succès iwwerrascht.

"Et huet een natierlech ëmmer sou Saache gedreemt."

Vill Koalitiouns-Méiglechkeeten

D'Leit wollten e Wiessel zu Esch, esou dem Georges Mischo seng Erklärung fir der CSV hir Victoire. Mä wéi e Wiessel kënnt elo? D'CSV huet méi wéi eng Koalitiouns-Méiglechkeet. Mat der LSAP zu zwee oder mat de Gréngen an der DP zu dräi? Eng DP déi ee Sëtz bäikrut an der lo zwee huet. An déi gréng, déi Drëttstäerkst konnte sech vun zwee op dräi Mandater verbesseren. Kënnen sech déi gréng eng Koalitioun mat der CSV virstellen? Den Escher grénge Spëtzekandidat Martin Kox sot um Sonndeg Owend:

"Ech si vun der CSV elo viru fënnef Minutte gefrot ginn, fir demnächst e Sondéierungsgespréich ze féieren. Mir hu selwer bei eis intern eréischt de Méindeg Gespréicher ze féieren."

Et misst een natierlech och Punkte gemeinsam hunn, esou den CSV-Spëtzekandidat Georges Mischo.

"Et huet kee Wäert, datt mir eng Koalitioun maachen, déi no sechs Méint erëm auserneebrécht."

Bei der LSAP stelle sech vill Froen, virop déi, op d'Sozialisten zu Esch elo an d'Oppositioun ginn. Déi Diskussioune missten elo mat der ganzer Ekipp, der Fraktioun an den eegene Leit gefouert ginn, esou d'Vera Spautz. D'LSAP géif fir Sondéierungsgespréicher mat allen op bleiwen, déi a Fro kommen. Dorënner sinn och déi Lénk. Si hu prozentual manner Stëmme kritt wéi 2011, mä déi Lénk hunn hir zwee Sëtz behalen.

"E séisst-sauert Resultat"

Hire Spëtzekandidat an Deputéierte Marc Baum huet et e "séisst-sauert" Resultat fir sech a seng Partei genannt. Si hätte sech méi erwaart. Allerdéngs wiere si déi eenzeg Partei, déi kee Sëtz verluer hätt, esou de Marc Baum. Eng rout-rout-gréng Koalitioun wier rechneresch méiglech. D'LSAP, déi Lénk an déi gréng géifen op eelef vun 19 Sëtz kommen.

"Mir maachen dann eng Koalitioun, wann et méiglech ass, eng wierklech fortschrëttlech lénk Politik zu Esch ze maachen. Ech fäerte ganz, datt den Ament aner Analyse gemaach ginn. Dofir halen ech et éischter als onwahrscheinlech," esou de Marc Baum vun déi Lénk.

D'ADR krut kee Sëtz zu Esch an d'Piratepartei, déi eng éischte Kéier ugetruede war, huet et och net an de Gemengerot gepackt. Déi kommunistesch Partei K.P.L. ass och net méi am Escher Gemengerot vetrueden. Si huet hiren eenzege Sëtz verluer.

Negativen Trend vun de Sozialisten

Iwwert d'Analyse vum Wahlresultat zu Esch wäert nach vill geschwat ginn. D'Vera Spautz vun der LSAP kuckt iwwert de lokale Kontext eraus a gesäit Esch als Beispill vum negativen Trend, deen d'Sozialisten an Europa erliewen.

"Et gëtt e Ruck zu méi konservativ. Dat ass an enger ganzer Rei Gemengen hei am Land ze gesinn. D'Nächst Joer si Chamberwahlen an och do mussen d'Zeechen aus de Gemengewahle richteg gedeit ginn."

D'LSAP misst sech Gedanke maachen, wéi si sech mat hirer Politik opstelle wëll.