Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Chet Baker - Alone Together

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Lëtzebuerger hëlleft an den ukrainesche Krichsgebidder

Ukrain

E Lëtzebuerger hëlleft an den ukrainesche Krichsgebidder

Wou rezent an der Ukrain gekämpft gouf ass d'Nout fir humanitär Hëllef am Gréissten. Do kënnt och vill Hëllef aus Lëtzebuerg an ee Lëtzebuerger bréngt déi Saachen direkt an d'Krichsgebitt.

auto_stories

2 min

Ënner Artilleriebeschoss si Familljen aus de Viruerter vu Kiew geflücht, mat villäicht enger Wallis, mee och mam Hond am Grapp. Dat si Biller, déi och de Christophe Mendes gesinn huet.

Hausdéiere sinn de Leit an der Ukrain besonnesch wichteg an dem 32 Joer ale Lëtzebuerger och.

Vu Lëtzebuerg an d'Ukrain

Vu Lëtzebuerg aus bréngt hie Spenden an d'Ukrain, déi hie selwer asammelt: haaptsächlech Déierefudder fir Hënn a Kazen. Hie schafft mat kenger ONG a fiert selwer un déi polnesch Grenz an e Lager, vun do aus ginn déi Saache weider an d'Ukrain geschéckt.

De Christophe Mendes fiert aus der Stad fort, den Trajet bis un d'Grenz dauert 16 Stonnen, da gëtt et eng Nuecht Paus gemaach bis et an d'Ukrain geet.

An do treffe mir eis, zu Lwiw, am relative friddleche Weste vum Land mee wou och mol russesch Rakéite landen. Hie selwer hätt keng Angscht, och wann hie wéisst, datt en an engem Krichsgebitt wier, seet de Christophe Mendes.

"Et ass e gewësse Respekt do, mee ech hu keng Angscht."

Doheem an der Stad huet hie mat senger Frëndin eng Renovatiouns- an Dekoratiounsfirma. Hien ass och Fotograph an huet iwwer 17.000 Follower op Instagram a profitéiert vu senge Reesen a Polen an an d'Ukrain fir d'Situatioun op der Plaz, mee haaptsächlech d'Leit ze fotographéieren.

Seng Fotoe vu Lëtzebuerg bilden do ee staarke Kontrast: d'Stad, Sportsautoen, e puer Fotoe vun der Famill.

Am Krisegebitt hëllefen

De Christophe Mendes ass schonn déi véierte Kéier a Polen, all Kéiers geet hien och ganz kuerz an d'Ukrain. De ganze Congé benotzt hie fir ze hëllefen an hien ass houfreg op seng Aarbecht am Krisegebitt.

Vill Organisatioune géifen de Mënschen hëllefen, mee och d'Déiere misste gehollef kréien, zielt de Lëtzebuerger. Hie géif béiden do hëllefen, wou e kann.

D'Regierung réit strengstens vun enger Rees an d'Ukrain of. Dem Lëtzebuerger seng Famill weess Bescheed, mee seng Frëndin soll léiwer net matkommen. Et muss jo een op d'Duechter vun engem Joer oppassen, seet hien.