Radioen

On air

Tockcity  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Ischgl goufe vill Feeler gemaach

Éisträich

Zu Ischgl goufe vill Feeler gemaach

Trotz der Corona-Kris gëtt sech an Éisträich op d'Schisaison virbereet. "Skivergnügen ja, aber ohne Après-Ski."; esou huet de Bundeskanzler Sebastian Kurz d'Devise fir dëse Wanter erausginn - an dat net ouni Grond. Am Mäerz dëst Joer hu sech vill Touristen an enger Après-Ski-Bar an der beléifter Wantersport-Uertschaft Ischgl mam Coronavirus ugestach an en duerno duerch ganz Europa gedroen. An deem Kader huet kierzlech eng Expertekommissioun an Éisträich souwuel de lokalen, wéi den nationalen Autoritéite schwéier Virwërf gemaach.

auto_stories

2 min

Eng 11.000 Infektiounen weltwäit kënnen op d'Uertschaft am Tirol zeréckgeféiert ginn. Ischgl ass domat ee vun de bekanntste Clustere vun Europa. Fir déi politesch Responsabilitéit ze klären, gouf eng Expertekommissioun an d'Liewe geruff, déi d'lescht Woch hire Rapport virgestallt huet. Den Autoritéiten zu Ischgl an am Tirol ginn eng Partie Feeler virgehäit.

De Ronald Rohrer, Chef vun dëser Kommissioun, sot am Interview mam ORF, et kéint een dat zwar zueleméisseg net festmaachen. Et wier awer sécher, datt all Dag, wou de Schibetrib an den Après-Ski éischter zougemaach gi wieren, dat en Impakt op d'Zuel vun den Infektioune gehat hätt.

Kritik u lokalen Autoritéiten

Konkret hätten d'Schipiste bal eng Woch éischter missen zougemaach ginn. Eng Après-Ski-Bar, an där et schonn eng Rei Infektioune gouf, huet nach eng Kéier een Dag laang dierfen opmaachen. Nodeems eng Dosen islännesch Touristen an hirer Heemecht positiv getest goufen, huet d'Land Tirol an engem Communiqué behaapt, datt dës sech warscheinlech eréischt am Fliger ugestach hätten. Eng Behaaptung, déi noweislech falsch war.

Déi Tiroler Landesregierung hat am Laf vum Joer ëmmer nees gesot, datt keng Feeler gemaach gi wieren. Trotzdeem wëllt de Landeshauptmann Günther Platter elo keng personell Konsequenze zéien: et hätt kee bewosst eng falsch Entscheedung getraff a jiddweree wier beméit gewiescht, d'Gesondheet an der Virdergrond ze stellen.

De Politiker spillt hei am ORF-Interview op d'Virwërf un, datt een op Drock vun der Tourismusbranche bewosst ze spéit reagéiert hätt. Effektiv entlaascht d'Expertekommissioun déi Responsabel op dësem Punkt.

Kritik un der Bundesregierung

Mee och d'Regierung zu Wien kënnt am Bericht net gutt ewech. Esou huet de Bundeskanzler Sebastian Kurz den 13. Mäerz an enger Pressekonferenz eng Quarantän fir d'Regioun ronderëm Ischgl ugekënnegt.

Well déi regional Autoritéite vun der Pressekonferenz iwwerrascht goufen, wiere si net prett gewiescht. Honnerten Touriste sinn a chaoteschen Zoustänn ofgereest, an dat ouni, datt hir jeeweileg Heemechtslänner op hire Retour virbereet gewiescht waren.

De Sebastian Kurz selwer weist d'Virwërf zeréck a seet, déi lokal Autoritéite wieren informéiert ginn. Allgemeng weist hien drop hin, datt een an enger Ausnamesituatioun gewiescht wier a séier hätt missen handelen.