Radioen

On air

De Moien  |  The Blue Nile - Tinseltown in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drogekonsumraum zu Ettelbréck virleefeg vum Dësch

Drogepolitik

Drogekonsumraum zu Ettelbréck virleefeg vum Dësch

D'Ettelbrécker Gemeng gëtt net gezwongen, en Drogekonsumraum opzemaachen. Dat krut de Schäfferot vun den zoustännege Ministere verséchert. Eng Etüd vun der Jugend- an Drogenhëllef soll fir d'éischt méi Informatiounen iwwer d'Besoinen am Norden liwweren. D'Acteuren um Terrain schätzen d'Situatioun anescht an, wéi déi Ettelbrécker Gemengeresponsabel.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / adachinskiy

No der Verëffentlechung vum Regierungsprogramm huet den Ettelbrécker Gemengerot unanime géint en Drogekonsumraum mat Nuetsfoyer gestëmmt. An enger Entrevue mat de Ministere Cahen a Schneider krut de Schäfferot verséchert, datt elo mol eng Etüd iwwer d'Besoinen am Norde gemaach gëtt an datt d'Gemeng net wäert gezwonge ginn e Konsumraum opzemaachen.

Fir den Ament géif et deemno näischt méi ze diskutéiere ginn, seet den Ettelbrécker CSV-Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf. Et géif een elo d'Resultater vun der Etüd ofwaarden a kucke wéi een Impakt et huet, wann de Konsumraum zu Esch opmécht.

Verschidde Meenungen iwwer Besoin

Et géif ee weider gespréichsbereet bleiwen. Wann déi éischt Fakte bis um Dësch léichen, kéint ee weider diskutéieren. "Woubäi meng Meenung e bëssen eng aner ass wéi d'Aschätzung vun der Regierung. Ech sinn der Meenung, datt mir dat an där Form wéi mer et haut kennen, am Norden net brauchen", seet de Jean-Paul Schaaf.

D'Responsabel vum Comité National de Défense Sociale a vun der Jugend- an Drogenhëllef gesinn dat anescht. Et bréicht een op d'mannst nach zwou Strukturen, dovun eng am Norden, sou den Direkter vum CNDS, deen den Abrigado an der Stad geréiert.

Zéng mol méi Sprëtzen ofginn

Fir de gudde Fonctionnement vun esou Strukture wier eng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport absolutt noutwenneg, sou de Raoul Schaaf. "Entweder et huet een eng mobil Léisung an da fiert ee bei d'Leit oder et huet een eng stationär Léisung an da muss et do si wou d'Leit hikommen."

Dowéinst wier Ettelbréck eng Optioun am Norden, seet och den Direkter vun der Jugend- an Drogenhëllef Jean-Nico Pierre. D'Organisatioun huet zënter 2014 e sougenannte Kontaktcafé zu Ettelbréck; zënter der Ouverture huet d'Zuel vun de Sprëtzen déi getosch gi sech verzéngfacht.

Strukturen trennen

Wann en Drogekonsumraum zu Ettelbréck oder op enger anerer Plaz am Norde géif opgemaach ginn, sollt an där selwechter Struktur net och nach en Nuetsfoyer sinn, seet de Jean-Nico Pierre. Beim Abrigado wier een am Gaangen dat ze trennen. Esou Strukture misste senger Meenung no ëmmer vunenee getrennt sinn.

"Soss schafe mer eppes wéi en Disneyland. Dat heescht nuets geet een dohinner schlofen, da geet een e Kaffi drénken dann huet een Gespréich, da geet een an den Drogekonsumraum, da geet een e wéineg eraus, da kënnt een erëm eran an da geet dat erëm dauernd esou weider."

"Beschtméigleche Suivi garantéieren"

D'Bedreiwer vum Konsumraum, d'Gemeng an d'Police missten zesummeschaffe fir esou eng Struktur beschtméiglech ze encadréieren. De Jean-Nico Pierre erënnert awer drun, datt och Drogenofhängeger e Recht op eng adequat medezinesch Betreiung hunn. Fir dat ze garantéiere bréicht ee Konsumraim, seet de Psychiater Marc Graas, dee vun 2011 bis 2018 Direkter vun der Ettelbrécker Psychiatrie war.

"Vläicht 5, 10 Prozent vun deene schwéieren Drogenofhängegen hunn eng Chance, dauerhaft abstinent ze ginn duerno. Dat heescht mir hunn hei iwwer, ech weess net wéi vill schwéier Drogenofhängeger mer zu Lëtzebuerg hunn, ech mengen 2.000. Mir hunn hei eng 2.000 Leit, déi schwéier chronesch ofhängeg sinn, déi een net wäert an d'Abstinenz kréien an déi einfach e Recht drop hunn, beschtméiglech suivéiert ze ginn, esou wéi aner Kranker och."

De Marc Graas ass iwwerdeems der Meenung, anescht wéi den Ettelbrécker Buergermeeschter, datt et e Besoin fir e Konsumraum zu Ettelbréck gëtt. Hie wéisst net wéi d'Situatioun an anere Stied am Norde wier, mee zu Ettelbréck géife Mënsche liewen déi drogenofhängeg wieren an et géif och eng Drogenzeen ginn.