D'Resultater vun de Chamberwahlen 2013

Bei de virgezunnene Chamberwahle kritt d’CSV 23 Sëtz (-3), d’LSAP 13 Sëtz (+-0), d’DP 13 Sëtz (+4) Gréng 6 Sëtz (-1) ADR 3 Sëtz (-1) Lénk 2 Sëtz (+1)

Déi 60 Gewielten an der neier Chamber sin:

Bei der CSV:  Jean-Claude Juncker, Marc Spautz, Jean-Marie Halsdorf, Felix Eisch, Gilles Roth, Michel Wolter, Nancy Kemp-Arendt a Sylvie Andrich-Duval, Luc Frieden, Claude Wiseler, Laurent Mosar, Paul-Henri Meyers, Serge Wilmes, Diane Adehm, Marcel Oberweis a Marc Lies, Marco Schank, Martine Hansen, Emile Eicher an Aly Kaes, Françoise Hetto, Octavie Modert a Leon

Bei der LSAP: Jean Asselborn, Mars di Bartolomeo, Alex Bodry, Lydia Mutsch, Dan Kersch, Georges Engel, Yves Cruchten, Etienne Schneider, Marc Angel, Franz Fayot, Romain Schneider, Claude Haagen an Nicolas Schmit.

Bei der DP: Claude Meisch, Eugène Berger a Gusty Graas, Xavier Bettel, Lydie Polfer, Anne Brasseur, Simone Beissel, Corinne Cahen an Alexandre Krieps, Maggy Nagel, Lex Delles, Charel Goerens an André Bauler.

Bei de Gréngen de Felix Braz an d’Josée Lorsché, François Bausch, Viviane Loschetter, Henri Kox a Camille Gira.

Bei der ADR: Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a  Roy Reding

Bei der Lénk: Serge Urbany a Justin Turpel.

Grouss perséinlech Verléierer bei de Walen si Lucien Lux, Bim Diederich, Roland Schreiner a Raymond Weydert, déi nët gewielt goufen a kaum Chancen hunn nozeréckelen.

Nei Gesichter um Krautmaart si mat Sécherheet den Dan Kersch, den Yves Cruchten an de Franz Fayot bei der LSAP, d’Corinne Cahen an de Lex Delles bei der DP, de Roy Reding bei der ADR an de Justin Turpel bei der Lénk.

Parlamentaresche Comeback gëtt et fir Gusty Graas a Maggy Nagel bei der DP

resultater Quell: http://www.elections.public.lu

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen