D'Drénkwaasser ass zu Lëtzebuerg scho ganz streng kontrolléiert - all Joer gi 6.500 Analyse gemaach, 99 Prozent dovu si konform zu de Qualitéits-Krittären.
Mam neien Drénkwaasser-Gesetz, mat deem eng EU-Direktiv ëmgesat gëtt, ginn déi Krittären awer nach emol ugepasst. Et kommen nei Parameteren derbäi, a verschidde Grenzwäerter gi méi strikt, erkläert den Tom Schaul vum Ëmweltministère. Dozou zielt de Bläi, an awer och aner Parameter wéi zum Beispill Ofbauproduite vu Planzeschutzmëttel.
Nationale Verbrauch läit bei 120 Mio. Liter den Dag
Beim Waasserschutz huet Lëtzebuerg scho streng Krittären - 83 Prozent vun de Quelle sinn haut an enger vu 46 Waasserschutzzonen.
Eng systematesch Analys vun de potentiellen Drénkwaasser-Pollutiouns-Risiken kënnt elo awer nach derbäi: dat um Niveau vun de Quellen, Reseauen a Leitungen.
Iwwerdeem gëtt de Konsum vu Krunnewaasser weiderhin encouragéiert. Pro Dag ginn zu Lëtzebuerg an der Moyenne 120.000 Kubikmeter Waasser verbraucht - dat sinn 120 Millioune Liter den Dag.
Bis 2029: Drénkwaasser-Distributeuren an all Gemeng
Den Accès zum Drénkwaasser soll verbessert ginn, all Gemeng soll spéitstens bis 2029 gratis Drénkwaasser-Distributeuren opstellen - verschiddener, wéi d'Haaptstad, hunn dat scho gemaach:
"Awer och, datt méi Krunnewaasser an de Verwaltungen an ëffentleche Gebaier zur Verfügung gestallt ginn. An dann och an de Restauranten a Kantinnen, datt och den Zougang zum Krunnewaasser do soll verbessert ginn, sief dat gratis, oder zu engem niddrege Präis."
Wat de Waasserpräis ugeet sot d'Ëmweltministerin Joëlle Welfring op eis Nofro hin: Wéinst den héijen Energie-Präisser wäert och de Waasserpräis klammen.
"Mir hunn awer eng Virgab, wéi de Präis berechent gëtt, a wéi en och kann ëmgeluecht ginn, esou dass herno den Impakt op de Privatstot, d'Erhéijung, déi mer eis elo erwaarden, letztendlech net därmoosse méi héich gëtt, wéi een sech dat elo kéint virstellen."
Detailer wier een am gaangen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro auszeschaffen, esou nach d'Joëlle Welfring.