Am Gréngland, wou dëser Deeg den éischte Schnëtt usteet, léisst sech ofliesen, datt et ze dréchen ass, seet de President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder. D'Gras géif wuesse wann et fiicht a waarm wier, "et ass weder dat eent, nach dat anert", stellt hie fest.
Et géifen e puer Saachen zesummekommen: ënner anerem, datt de Krich an der Ukrain d'Präisser vum Dünger an d'Luucht gedriwwen huet "bis an ongeaanten Héichten".
Fir déi zweet Coupe misst eigentlech erëm gedüngt ginn, mee bis ewell wieren d'Bauere spuersam mam Dünger ëmgaangen, well e "schrecklech deier" wier.
Baueren hu Fudderreserven
Och d'Dréchent wier ee Problem fir d'Baueren, seet de Guy Feyder, grad ewéi d'Keelt an deelweis de Schnéi am Fréijoer.
D'lescht Joer ass e fiicht Joer gewiescht an et ass "richteg vill Fudder gewuess", seet de President vun der Landwirtschaftskammer, d'Fudderreserve wieren do fir eng eventuell Dréchent op d'mannst zum Deel opzefänken.
Hie géif awer den Ament keng direkt Nervositéit spieren, obschonn d'Stëmmung duerch d'Käschtenexplosioun beim Dünger gedréckt wier, seet de Guy Feyder:
"D'Bauere liewe vun der Hoffnung: Wann ee séint, dann huet een d'Ambitioun, datt aus där Kultur eppes gëtt. Dat ass d'Haltung am Moment vun de Betribscheffen an der Landwirtschaft. Et mécht ee säi Méiglechst an et hofft een, dass een zu engem passabele Resultat kënnt."
D'Saison hätt eréischt ugefaangen an et wier deemno nach ze fréi, fir eng definitiv Conclusioun ze zéien, esou de Guy Feyder.