Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dréchenen Expert amplaz staarke Leader

Däitsche Bundeskanzler

Dréchenen Expert amplaz staarke Leader

Zanter Woche steet den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz an der Kritik wéinst senger zeréckhalender Positioun vis-à-vis vun der Ukrain. De Weekend huet seng SPD bei der wichteger Landtagswal an Nordrhein-Westfalen eng batter Defaite missen astiechen. Um Méindeg den Owend huet sech de Kanzler dann an enger Fernseesendung de Froe vu Bierger:inne gestallt. Wierklech iwwerzeegend war et net, vill méi schéngt de Scholz op déi falsch Taktik ze setzen, mengt eise Korrespondent zu Berlin, de Max Tholl.

auto_stories

3 min

"Kann der Kanzler Krise?" war den Titel vun der RTL-Sendung an där sech den Olaf Scholz e Méindegowend de Froe vu Bierger:inne gestallt huet, an an där hien ënnersträiche wollt, datt d'Kritik u sengem Politikstil ongerechtfäerdegt ass. Inflatioun, Staatsverscholdung an natierlech de Krich an der Ukrain waren d'Haaptsujeten, mee de Kanzler erlieft och eng ganz eege Kris an zwar déi vu senger Partei.

Nodeems een am Saarland d'CDU vum Troun stousse konnt, war d'Hoffnung grouss, datt dat och an Nordrhein-Westfalen méiglech wier, mee dat enttäuschend Resultat vum leschte Sonndeg ass sécherlech och als Denkziedel a Warnung un d'Bundes-SPD geriicht.

Besonnesch déi relativ Zréckhalung vum Olaf Scholz mat Bléck op Waffeliwwerungen un d'Ukrain an d'Diskussiounen ëm den Altkanzler Gerhard Schröder an de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, hunn de Kanzler an seng Partei an de leschte Woche vill Zoustëmmung kascht.

Am Virfeld vun der Sendung huet e Sondage gewisen, datt just 38 Prozent vun de Befroten hie fir e gudde Krisemanager halen a 66 Prozent fannen, datt hien ze vill zéckt.

Onbeandrockt vun der Kritik

Op esou Wäerter oder Negativschlagzeile reagéiert de Scholz awer ganz geloossen. Wien sech dovu géing beandrocke loossen, sollt de Beruff wiesselen, dat géing eben zur Demokratie dozou gehéieren, esou de Scholz bei RTL Direkt.

Onbeandrockt a scho bal stoesch wierkt de Kanzler, e wéineg erënnert et un seng Virgängerin d'Teflon-Kanzlerin Angela Merkel, un där d'Kritik och scheinbar ofgeprallt ass. Et ass net einfach fir den Olaf Scholz niewent enger Ausseministesch, där d'Sympathien nëmmen esou zoufléien an engem Vizekanzler, deen sech grad mat Bléck op de Krich an seng Konsequenzen als Rhetorikgenie erweist.

Wärend de Robert Habeck gäre mol op Widderspréch oder eege Feeler opmierksam mécht, bléift de Scholz senger Linn trei, behaapt datt d'Majoritéit vun de Bierger:innen et richteg fënnt, datt een "besonnen und sehr überlegt" agéiert. Wat awer a Realitéit éischter als lues an zeréckhalend interpretéiert gëtt. Zum Beispill bei der Fro, firwat hien dann nach net zu Kiew op Besuch war.

Hien wéilt net - wei anerer - dohi fuere fir e Fototermin, mee just wann et ëm ganz konkret Saache géing goen, an déi missten ebe virbereet ginn, esou de Kanzler. Et ass eng typesch Scholz-Äntwert, déi ënnersträicht, datt hien éischter dréchene Politiksachverständiger ewéi charismateschen a staarke Leader ass.

Kompetent, mee schwaach an der Kommunikatioun

Sou vill Kompetenz hie besonnesch a finanzpolitesche Froen och huet, sou wéineg versteet de Kanzler et, dës erfollegräich ze kommunizéieren a virun allem domadder ze iwwerzeegen.

Obschonn hien däitlech méi Interviews gëtt an méi medial present ass ewéi d'Angela Merkel, schéngt et hei eng Dissonanz ze ginn, déi och um Méindegowend däitlech gouf. 68 Prozent vun de befrote Bundesbierger:inne fannen, datt de Kanzler seng Politik net gutt genuch erkläert, och eng Fra aus der Sendung koum um Schluss zu engem erniichterende Fazit iwwer säin Optrieden.

"Wer bei mir Führung bestellt, bekommt sie auch", hat den Olaf Scholz eemol versprach. Bis elo bleift hien dëse Beweis a villen Ae schëlleg.