Radioen

On air

E-Lodie  |  Marine Eyes - To Belong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dr. Vic Arendt: "D'Covid-Traitementer si besser ginn"

Gesondheet

Dr. Vic Arendt: "D'Covid-Traitementer si besser ginn"

Den Dr. Vic Arendt huet déi ëmstridde Quarantäns-Reegelen an de Schoulen de Moien hei op der Antenn verdeedegt. D'Reegele vum Educatiounsministère géife Sënn maachen, och wa se vläicht kontradiktoresch wierken, esou den Infektiolog aus dem Stater CHL.

auto_stories

2 min

An de leschten Deeg war kritiséiert ginn, datt Schüler an Enseignantë weider sollen an d'Schoul goen, nodeems si Kontakt mat engem Infizéierten haten, obwuel si fir de Rescht vum Dag mussen doheem bleiwen. Den Dr. Vic Arendt gesäit dat als sënnvolle "Balanceakt" fir d'Schoulen um Lafen ze halen.

"Wann een op d'Definitioun vun engem 'contact étroit' zeréckgeet - wat jo méi wéi 15 Minutten op manner wéi zwee Meter sinn, an ouni datt déi zwee Leit d'Mask unhätten - dat limitéiert awer d'Zuel vun de Leit, déi wierklech als 'contact étroit' ze ziele sinn. Zum Beispill, e Proff steet jo meeschtens virun der Klass, a wann dann e Schüler an der zweeter oder drëtter REi op ee Mol positiv ass, an awer seng Mask unhat, da sinn do wéineg Leit, déi drënner falen. Ausser vläicht seng direkt Bänknoperen, déi als 'contact étroit' ze ziele wieren."

Den Infektiolog Vic Arendt rechent domat, datt den Infektiounszuelen no, a 14 Deeg och nees d'Zuel vun de Covid-Patienten an de Klinicke wäert eropgoen. Den Dokter aus dem Stater CHL geet awer dovun aus, datt et net méi esou vill ganz schlëmm Krankheetsverleef wäert ginn, wéi wärend der éischter Well. Hie seet, dat wier net nëmmen op dee méi niddregen Duerchschnëttsalter vu Patienten zeréckzeféieren. Och d'Traitementer an de Spideeler wiere besser ginn, an d'Virulenz vum Virus hätt méiglecherweis ofgeholl.