DP-Wahlprogramm

“Besser Léisunge fir eist Land”: dat ass den Titel vum DP-Wahlprogramm: ee Programm vun 130 Säiten, deen de 14.09.2013 op engem ausseruerdentleche Kongress um Lampertsbierg presentéiert gouf.

D’DP ass dofir, datt op d’mannst eng Index-Tranche ausfale gelooss gëtt, an duerno maximal eng Tranche pro Joer ausbezuelt gëtt: d’Suen, déi doduerch gespuert ginn, solle fir de Kampf géint de Jugendchômage agesat ginn. D’Demokratesch Partei versprécht mat manner Suen eng besser Politik ze maachen.

Dem DP-Spëtzekandidat am Süden Claude MEISCH no, hätt een den Usproch fir d’Lëtzebuerger fir ee Politikwiessel ze motivéieren. Seng Partei hätt d’Capacitéit fir d’Economie rëm op Trap ze kréien an nei Aarbechtsplazen ze schafen.

De Parteipresident a Spëtzekandidat am Zentrum Xavier BETTEL huet betount, datt d’DP bereet wier, Verantwortung z’iwwerhuelen.

De Bäitrag vum Serge Kesseler:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen