DP proposéiert Pierre Gramegna als Finanzminister
De Pierre Gramegna kéint Finanzminister ginn: eisen Informatiounen no wëll d'Demokratesch Partei den Dënschdeg hirem Comité directeur dee Virschlag maachen. De Pierre Gramegna, 1958 gebuer, ass zënter 10 Joer Direkter vun der Chambre de Commerce. Ugefaang huet e seng Carrière als Diplomat.
Déi nei Regierung setzt sech viraussiichtlech aus 18 Memberen zesummen: 100,7-Informatiounen no kréien déi Gréng 3 Ministeren an e Staatssekretär, d'LSAP an d'DP je 6 Ministeren an ee Staatssekretär. Domat géif déi nei Regierung méi grouss gi wéi d'CSV-LSAP-Regierung, an där 15 Ministere waren.
D'Koalitiounsverhandlunge sollen haut ofgeschloss ginn. Den Dënschdeg stëmmen d'Parteigremien iwwert de Programm an iwwert déi méiglech Regierungsequipe of.
Detailler am Moies-panorama:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/10/12/243671_moies-panorama.mp3"]