Nom Mandat vun der Agny Durdu DP: Nach keen neie Member fir de Staatsrot
Bei der DP ass offiziell nach net gewosst wien neie Member am Staatsrot soll ginn. Bis elo kéint si nach näischt dozou soen, esou haut d'Parteipresidentin Corinne Cahen op Nofro.

D'Demokratesch Partei géif kucke wien interesséiert ass, a wien e gudde Profil fir de Staatsrot hätt, esou d'Parteipresidentin Corinne Cahen.
D'Chamberdeputéiert a Stater Schäffin Simone Beissel huet eis gesot, si wier gefrot ginn, mee si géif ausschléissen an de Staatsrot ze wiesselen.
Et geet ëm d'Mandat vun der Agny Durdu am Staatsrot, dat am Abrëll op een Enn kënnt: si ass zënter 2006 Member an zënter knapp zwee Joer Presidentin vum consultativen Organ.
Neie President vum Staatsrot kéint iwwerdeems de Christophe Schiltz (LSAP) ginn, deen zënter Enn 2013 Member ass.