Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gruff Rhys - Silver Lining (Lead Balloons)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dout vum fréiere Stater Buergermeeschter Paul Helminger

Fréieren DP-Politiker

Dout vum fréiere Stater Buergermeeschter Paul Helminger

De Paul Helminger ass am Alter vun 80 Joer verstuerwen. Dat krute mir vun DP-Politiker confirméiert.

auto_stories

2 min

De Paul Helminger war vun 1999 bis 2011 liberale Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, ier de Xavier Bettel dat Mandat iwwerholl huet.

Vun 1994 bis 2012 war hien DP-Deputéierten, vun 1979 bis 1984 war hien an der CSV-DP-Regierung Staatssekretär fir ë.a. Aussepolitik, Wirtschaft a Justiz.

Zanter 2013 war de Paul Helminger President vun der Cargolux, wou seng Presidence dëst Fréijoer sollt op en Enn goen. Bei der Lëtzebuerger Airline huet hien ënner anerem gehollef, de chinesesche Co-Aktionär HCNA mat an d'Boot ze huelen.

Reaktioun vun der Lydie Polfer lauschterenplay_arrow

De Premierminister Xavier Bettel huet sech op Twitter "immens traureg" iwwer déi Nouvelle gewisen.

D'Corinne Cahen, Presidentin vun der DP, huet der Famill hiert Bäileed ausgeschwat:

Reaktioun vun der Corinne Cahen lauschterenplay_arrow