An dat wäert och esou bleiwen. De Beweis dofir hunn d'Länner scho geliwwert. Ier d'Diskussiounen haut op der Basis vun den neie Recommandatiounen vun der Kommissioun ugefaangen hunn, hu verschiddener Neel mat Käpp gemaach - an hunn, ewéi zu, Beispill Frankräich an Däitschland nei Reegelen annoncéiert. Dovu kéint ee keen ofhalen, sot de Mëtteg den EU-Justiz-Kommissär Didier Reynders.
"Ce que nous tentons de faire, c'est de coordonner au mieux les actions des états membres."
Net essentiell Reesen aus donkelrouden Zonen, mat besonnesch héijem Infektiounstauxen sollen sou vill wéi méiglech decouragéiert ginn, mat wéi enge Mesure genee - och dat ass de Memberlänner iwwerlooss.
D'Belsch prescht no vir
D'Belsch prescht no vir a verbitt vun e Mëttwoch touristesch Reesen an d'Land eran an och aus der Belsch eraus. Dat verstéisst iwwregens net géint EU-Recht, sou den Didier Reynders betount.
"A condition qu'il y ait une explication sur le charactère nécessaire en fonction des élements sanitaires proportionnés et non discriminatioires de la mesure qui a été prise. Ces élements-là sont échangés avec les pays membres et avec la Commission européenne et peuvent faire l'objet d'un contrôle des instances."
De Memberlänner iwwerlooss, ob se d'Recommendatiounen iwwerhuelen
Ween aus enger donkelrouder Zon kënnt an awer reese muss, soll mussen en Test maachen an a Quarantàne goen. Déi gutt Nouvelle hei ass, datt sech d'EU Länner mëttlerweil driwwer eens sinn, wéi eng Tester si géigesäiteg unerkennen, iwwert d'Dauer vu Quarantänen awer gëtt et nach ëmmer ënnerschiddlech Virstellungen.
Et ass de Memberlänner iwwerlooss, ob si déi Recommandatiounen applizéieren oder net.
Lëtzebuerg géif net als donkelrout agestuuft, allerdéngs wier dat bei enger ganzer Partie Memberlänner de Fall. Dorënner, Portugal, Spuenien, Irland, déi Tschechesch Republik, Schweden oder awer d'Slowakei a Slowenien.