Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dokter Gérard Schockmel: Verzögerung vun der genereller Impfflicht ass problematesch

Impfung

Dokter Gérard Schockmel: Verzögerung vun der genereller Impfflicht ass problematesch

"Et ass wierklech maximal onglécklech" datt eng allgemeng Impfflicht net elo schonn hei am Land agefouert gëtt, esou den Dokter Gérard Schockmel am 100,7-Interview. Hie kritiséiert ze wéineg politesche Courage vun der Regierung. D'Verzögerung wier "ganz problematesch", ënnersträicht den Infektiolog. Et wier ze hoffen, datt d'Decisioun fir eng generaliséiert Impfflicht am Januar endlech kéim.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Foto: picture alliance / Wang Chun

De ganzen Interview mam Dokter Gérard Schockmel

Lauschterenplay_arrow

Dem Gérard Schockmel no, wier et nëmmen eng Fro vun ze wéineg politeschem Courage, datt eng Impfflicht net schonn decidéiert gouf. Hie kritiséiert, datt et der Regierung hire Calcul gewiescht wier, d'Leit net fir Impfung ze forcéieren, mee se sech infizéieren ze loossen, fir esou an d'Richtung Immunitéit vun der Gemeinschaft ze kommen: dat wier e "ganz geféierleche Wee" vun der Regierung, ënnersträicht de Gérard Schockmel.


De Bäitrag vum Serge Kesseler

Lauschterenplay_arrow

Wann d'Decisioun fir eng Impfflicht zu dësem "spéide Stadium" kéim, dann hätt et no Meenung vum Expert kee Wäert méi, no Ziel-Gruppen ze fueren. Dofir wier et senger Meenung elo ze spéit, sou de Gérard Schockmel. "Also ech si wierklech fir eng generaliséiert Impfflicht. Da musse mer kucke wéi vill Impfstoff mer hunn."

Den Dr. Schockmel ass der Meenung, datt et nëmmen eng Fro vum politesche Courage wier, datt eng allgemeng Impfflicht nach net agefouert ass.

"Et ass vill méi einfach ze soen, ok, ech maache mech net onbeléift, et gëtt kee forcéiert. An herno forcéieren ech se awer. An dat huelen d'Leit engem natierlech iwwel, a si verléieren doduerch d'Vertrauen an d'Politik. An de Calcul war natierlech och 'wann ech d'Leit elo net esou forcéieren, dann infizéiere se sech an da komme mer awer a Richtung Immunitéit vun der Gemeinschaft'."

"Keng pro-aktiv Politik"

Dem Infektiolog no, wier dat e "ganz geféierleche Wee", deen d'Regierung schonn zënter Méint ageschloen hätt: d'Regierung wier also een héije Risiko gaangen.

"Dir musst ëmmer bedenken, mir hunn natierlech getest. A mir hu Moossnamen ergraff. Mee ech mengen testen: mir kënnen zu Doud testen, domat schafe mer keng Immunitéit, domat léise mer absolut guer kee Problem. Testen ass just eng Momentopnam. Elo wéi d'Situatioun erëm eng Kéier ass, wou mer erëm reagéiere mussen, musse mer vill testen, mir musse Masken droen, mir musse Restriktiounen maachen. Mee dat ass jo awer keng pro-aktiv Politik."

"Eng Reaktioun, déi zimmlech spéit kënnt"

Och bei der Fro, ob d'Mesuren, déi de Premier an d'Gesondheetsministerin den Donneschdeg ugekënnegt hunn, duer ginn, ass den Expert net mam Regierungswee zefridden.

"Am Prinzip mécht d'Regierung dat, wat se ëmmer mécht, si reagéiert op eng Situatioun. Et ass eng Reaktioun, déi zimmlech spéit kënnt: zum Beispill wa mer d'Schoulen huelen, do war jo schonn zënter Wochen eigentlech kloer, datt et sënnvoll ass, d'Masken ze droen, dat ass elo réischt decidéiert ginn."

De Gérard Schockmel rechent domat, datt d'Well vun der neier Omikron-Variant hei am Land am Januar wäert ufänken. An zu dëser Variant stellt den Expert fest, datt se immens transmissibel wier an datt dofir och mat ganz ville Komplikatioune bei de Leit ze rechne wier.