D'Konzept vun de Wahlemissiounen um 100,7

Mam Ufank vun der Campagne fir d'Neiwahlen, hunn de 16. September um 100,7 d'Wahlémissiounen ugefaang. Bis den 20.Oktober mussen déi 9 Parteie mat hire Kandidate weisen, wéi si sech d'Zukunft vum Land virstellen - dat a Face-à-Facen. D'Parteie ginn d'selwecht behandelt: vun all Partei kommen 3 Kandidaten un d'Rei, an zwar aus de verschiddene Wahlbezierker. Donieft hu mer vun all Partei op d'mannst eng Fra invitéiert an een neie Kandidat.

Samschdes diffuséiere mer 4 offiziell Table Rondë mat Kandidate vun den 9 Parteien, dat an Zesummenaarbecht mat RTL Radio Lëtzebuerg. De 17.Oktober, 3 Deeg virun de Wahlen, stelle sech de Jean-Claude Juncker, den Etienne Schneider, de Xavier Bettel an de François Bausch de Froe vum 100,7.

Donieft maache mer Analysen zu de wichtegste Wahlkampf-Sujeten.

Detailler an engem Bäitrag vum Jean-Claude Franck:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen