D'Konkurrenz keeft bei der Cargolux an

De Robert Van de Weg an de Peter van de Pas wiessele vun der Cargolux bei de russesche Konzern Volga-Dnepr. Dat huet de Cargolux-Konkurrent haut matgedeelt. Déi zwee Hollänner ware bis viru Kuerzem Member vun der Generaldirektioun vun der lëtzebuerger Cargo-Airline. Virun zwee Méint hu se aus Protest demissionéiert. D’Konkurrenz vun der Cargolux probéiert den Ament vum Duerchernee bei der lëtzebuerger Cargo-Airline ze profitéieren. E Bäitrag vum Jean-Claude Franck

’Manager Van de Weg a Van de Pas waren net averstan mat den Entwécklunge ronderëm de geplangtenen Deal mat HNCA – dem chineseschen Investisseur, deen an den nächste Woche soll 35 Prozent vun der Cargolux iwwerhuelen. Déi zwee hollännesch Manager hu besonnesch de Cargolux-President Paul Helminger kritiséiert, nët op d’Suerge vum Management gelauschtert ze hunn, an de Management net an d’Gespréicher mat HNCA mat agebonnen ze hunn. Grouss Deeler vum Cargolux-Management gleewen net un déi geplangte Partnerschaft mat der chinesescher Provenz Henan.

De Robert Van de Weg an de Peter van de Pas wiesselen also bei déi russesch Konkurrenz. Vum Peter van de Pas hunn d’Regierung an de Cargolux-President gesot, hien hätt demissionéiert well e souwisou geschwënn an d’Pensioun goe géif. Dat passt net bei säin neien Job am Volga-Dnepr Group.

De russesche Konzern wäert sech eng Freed draus maachen: Volga-Dnepr, mat der Duechter Air Bridge Cargo, war ënnert de fënnef Interessente fir 35 Prozent vun der Cargolux z’iwwerhuelen – ouni Erfolleg.

Mä dat ass net alles: do ass och nach den Ian Morgan. De fréiere Cargolux-Mataarbechter war rezent an der Course fir dem Robert Van de Weg seng Plaz als Responsabele fir de Beräich Sales and Marketing z’iwwerhuelen, en ass awer ofgesprong well et wéi et schéngt net vun den aktuellen Entwécklungen iwwerzeegt wier. Den Ian Morgan ass 100,7-Informatiounen no elo vu Qatar Airways engagéiert ginn: engem anere bekannte Konkurrent vun der Cargolux, deen no der gescheiterter Partnerschaft mat de Lëtzebuerger nach déi eng oder aner Rechnung opstoen huet.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen