D'Klimapolitik: kee Wahlkampfsujet

Zu Stockholm gëtt de 27. September de fënnefte Rapport vum Welt-Klima-Rot presentéiert: Dee Rapport weist, dass et e wëssenschaftleche Konsens gëtt, dass Zäre-Gase wéi Kuelen-Dioxid a Methan d’Klima beaflossen, dass éischt Konsequenzen dovunner schonn ze beobachte sinn, an dass d’Ziel vu maximal 2 Grad Celsius Äerderwäermung nëmmen nach schwéier z’erreechen ass.

Mee zu Lëtzebuerg as de Klimawandel kee Wahlkampf-Sujet. An dat ass symptomatesch mengt d'Pia Oppel:

Symptomatesch fir d’Konzeptlosegkeet, mat där d’Parteien sech vis-à-vis vun de groussen Zukunftserausfuerderunge positionéieren. Symptomatesch och fir di evident Retizenz vun de Politiker, fir prinzipiell Problemer ze benennen an konkret, kohärent Léisungen ze proposéieren.

Zenter Joeren as gewosst, dass Nichë vun deene mir profitéiere verschwannen: Bankgeheimnis, TVA-Recetten aus dem E-Commerce, Tanktourismus... fir just e puer klassesch Stéchwierder ze nennen.

An zënter laangem as gewosst, dass fossil Energiequellen net onendlech sinn, eis vun deieren Importer ofhängeg maachen, an dem Klima schueden. Fir all des Problemer wierklech un der Wuerzel unzepaken, missten d’Parteien de Fonctionnement vun eiser Wirtschaft, d’Aart a Weis wéi Räichtum geschafe gëtt, net just mat abstrakten Idealer a Fro stellen, fir dann herno an der Praxis de Géigendeel ze maachen.

A wéi dëse Wahlkampf weist, goufe souguer abstrakt Idealer, déi an de leschte Joeren Unerkennung fonnt hunn, schonn nees iwwer Bord geheit: kaum eng Partei wëll op Wuesstem verzichten, a wat grénge Wuesstem soll sinn, kann och keen engem sou genau erklären. Den Terme “décroissance” as no 5 Joer Krise a Verruff geroden. Ganz am Géigendeel, fir den LSAP-Spëtzekandidat as Wuesstem elo souguer deen Zitat “eenzege Wee aus der Krise”.

Couragéiert fannen ech d’Propose vun der DP fir Klimapolitik net méi gläichzesetze mam Verdeele vu Subside fir all méiglech kleng Ëmwelt-Effort’en, déi sech an eisem nationale Klima-Bilan da souwisou kaum néier schloen. Mee Conclusiounen zitt d’Demokratesch Partei aus där Analyse awer net: d’Politik misst dach dann amplaz Reegelen a Norme festleeën, un déi d’Bierger, d’Produzente vu Konsumgidder an d’Wirtschaft allgemeng sech missten halen.

D’CSV schwätzt als eenzeg Partei an hirem Wahlprogramm vum 2-Grad Ziel, dat an der internationaler Klimapolitik festgehale gouf. Mee wéi een dat Ziel kann erreechen, dorobber fënnt een natierlech... keng Äntwert.

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen