Disziplinarprozedur fir SREL-Mataarbechter: Chamber muss decidéiere

D’Chamber muss décidéiere, wéi et mat der disziplinarescher Prozedur géint de fréiere SREL-Mataarbechter Roger Mandé weider geet. Dat krute mer am Ministère fir bannescht Sécherheet gesot, nodeems RTL Radio de Moie gemellt hat, et géif keng Prozedur géint de Roger Mandé ginn. Fakt ass, datt den zoustännege Regierungskommissär fir d’disziplinaresch Prozedure sou wéi och de Policedirekter zur Konklusioun komm sinn, datt si entweder net zoustänneg sinn, oder d’Reprochen iwwer méiglech Fehler vum Roger Mandé am SREL net iwwerpréiwe kënnen. Dat huet de Ministère der Chamber an engem Bréif matgedeelt. D’SREL-Enquêtekommissioun hat am Juli eng disziplinaresch Prozedur géint ënnert anerem de Roger Mandé gefuedert. Am Oktober gouf se du vum Staatsministère lancéiert.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen