Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No "Cherry Picking"

Brexit

No "Cherry Picking"

D’EU kann de grousse Privileg vum absolute Fräihandel am europäesche Bannemaart net gratis verschenken, seet den Dirk Andreas Zetzsche, Expert am Finanzrecht op der Uni Lëtzebuerg. Hie mengt och net, datt Groussbritannien an d’EU wéi geplangt bis 2019 e fäerdegen neie Fräihandelsaccord wäerte stoen hunn.

auto_stories

2 min

Déi britesch Premierministerin Theresa May huet an hirer Grond Grondsazried en "haarden Brexit" ugekënnegt. Groussbritannien wëll sech aus dem europäesche Bannemaart zréck zeien, sou de Plang.

Nodeems déi britesch Regierung Enn Mäerz hir Austrëttserklärung un d’EU gemaach huet, géing e ganz neien Handelsregime tëscht béide Säiten ausgehandelt ginn, erkläert den Dirk Andreas Zetzsches. "Dat ass ganz komplex", seet hien. Bis elo géifen nämlech d'Aussewirtschaftsbezéihunge vun allen EU-Staaten vollstänneg duerch europäesch Institutioune verhandelt a bestëmmt ginn. Bis haut hätt Groussbritannien keng eege Wirtschaftsbezéiungen zu iergend engem anere Staat vun der Welt.

Ee laangwierege Prozess

D'EU dierft sech duerch d'Verhandlunge vum Brexit net splécke loossen, seet den Dirk Andreas Zetzsche. De Professer fir Finanzen an internationaalt Recht vun der Uni Lëtzebuerg schléisst net aus, datt Groussbritannien wäert versichen, fir hannert de Kulisse mat eenzele Memberstaaten bilateral ze verhandelen. Et wär awer wichteg, datt d’EU geschlosse géing optrieden.

De Finanzjurist gleeft net drun, datt bis den annoncéierten Austrëtt am Joer 2019, e komplett neit bilateraalt juristescht Regelwierk tëscht Groussbritannien an der EU fäerdeg wäert sinn.

Iwwerdriwwene fiskalen Dumping, wéi vun der britescher Premierministerin ugedreet, wär just begrenzt méiglech. Och d’Theresa May misst a Groussbritannien innepolitesch Positioune vertrieden, esou den Dirk Andreas Zetzsche. An an engem Land mat groussen Defiziter am Staatsbudget, wéi Groussbritannien, misst een argumentéieren fir eng Baisse vun de Steieren z'erreechen. Dernieft kéint d’EU hire Marché zoumaachen, wann et vu Säite vu Groussbritannien zu engem onfaire Steierdumping géing kommen. Och am Beräich vun der Industrie géing fir d’EU d’Méiglechkeet vu Stroftaxe bestoen.

Lëtzebuerger Finanzplaz: gutt opgestallt

D’Lëtzebuerger Finanzplaz hätt eng gutt Ausgangsstellung fir den Brexit, seet den Expert. Mee well mam Austrëtt vu Groussbritannien den europäesche Wirtschaftsraum méi kleng géif ginn, géif d’Lëtzebuerger Finanzplaz riskéieren un Attraktivitéit ze verléieren.

Lëtzebuerger Finanzplaz hätt sech baussent der EU awer e gudde Ruff opgebaut, zum Beispill a China. Dem Dirk Andreas Zetzsche no, kéint Lëtzebuerg seng international Positioun awer nach weider ausbauen. Bestëmmten Déngschtleeschter kéinte vu London op Lëtzebuerg ugezu ginn. Anerer géinge fir spezifesch Produkter léiwer op Amsterdam, Paräis oder Frankfurt goen.