Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Direkter vu Funktiounen entbonnen

SNCT

Direkter vu Funktiounen entbonnen

Den Direkter vun der Société Nationale de Contrôle Technique, den Armand Biberich, ass zënter dem néngten November vu senge Funktiounen entbonnen. Dat huet d'Presidentin vum Verwaltungsrot vun der SNCT Josiane Pauly dem radio 100,7 confirméiert.

auto_stories

1 min

Ouni an den Detail vun den Hannergrënn wëllen ze goen, huet si gesot, dës personell Decisioun wär an Zesummenhang mat der interner Restrukturatioun ze gesinn, déi am Moment am Gaangen ass, fir d'SNCT fit ze maache fir d'Zukunft. Eng Zukunft, an där si kee Monopol méi huet, mä an där si sech der Konkurrenz vu privaten Acteure muss stellen.

Scho virun enger Zäit war d'Verantwortung an der SNCT an engem Direktioun-Comité op méi Schëllere verdeelt ginn: Nieft dem Direkter gëtt et nach e Finanz- an en techneschen Direkter. Fir deen drëtten, also elo fräie Stull am Comité de direction nei ze besetzen, géing no enger Persoun gesicht ginn, déi besonnesch Kompetenzen an der Gestioun vu Ressources humaines hätt, esou d'Josiane Pauly weider.