Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Digital Plattformaarbecht: CSL fuerdert Gesetz zu Lëtzebuerg

Aarbechtsrecht

Digital Plattformaarbecht: CSL fuerdert Gesetz zu Lëtzebuerg

An der EU schaffen eng geschaten 30 Millioune Leit fir digital Plattformen, wéi Uber an Deliveroo. Vill vun hinne sinn aarbechtsrechtlech net ofgeséchert. Dofir huet d'EU-Kommissioun scho virun engem Joer eng nei Direktiv proposéiert. Enner de Memberlänner gëtt et awer Divergenzen.

auto_stories

3 min

Lëtzebuerg géif sech fir eng ambitiéis Direktiv asetzen, seet de Lëtzebuerger Aarbechtsminister Georges Engel. D'Lëtzebuerger Chambre des Salariés mengt, et soll een net op d'EU-Direktiv waarden an elo schonn um nationale Plang legiferéiere fir d'Plattformaarbechter an Aarbechter:inne besser ze schützen.

Rechter vun Aarbechter:inne besser schützen

Op enger Konferenz d'lescht Woch zu Lëtzebuerg, déi d'EU Kommissioun an d'Salariatskammer organiséiert haten, huet den EU-Kommissär Nicolas Schmit d'Haaptzil vun där geplangter EU-Direktiv erkläert.

Et geet drëm, Millioune Leit, déi fir digital Plattforme schaffen, als Chauffeuren oder als Livreuren zum Beispill, net als "Independanten" anzestufen, mee als "Employé", an "Travailleur":

"Et si c'est un travailleur il doit bénéficier d'un certain nombre de droits liés au statut de travailleur. C'est à dire, il doit avoir un salaire qui au moins corresponde au salaire minimum, deuxièmement, il doit avoir une couverture sociale - retraite, santé, accident..."

Prekär Fäll och zu Lëtzebuerg

Mee d'Verhandlungen iwwer déi nei Direktiv wiere schwiereg an et géif vill Drock ginn, esou de Nicolas Schmit. Dat wier ee Grond méi, elo schonn um nationale Plang ze legiferéieren, mengt d'Lëtzebuerger Chambre des Salariés. Si hat schonn zwee Joer virun der EU Kommissioun eng Gesetzespropos ausgeschafft fir d'Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg gesetzlech ze encadréieren.

Lëtzebuerg ass zwar den Ament nach manner vun der sougenannter "Ubersiatioun" vun der Wirtschaft betraff. Kloer wier awer, datt ëmmer méi Leit, déi fir digital Plattformen zu Lëtzebuerg schaffen, sech bei der CSL mellen, well si sech ausgenotzt fillen, seet d'Nora Back. D'Presidentin vun der Salariatskammer nennt d'Beispill vun enger Persoun, déi 70 Stonnen d'Woch géif schaffen a kee Congé hätt, an dofir géif déi Persoun "mol net de Lëtzebuerger Mindestloun" kréien.

D'Chambre des Salariés wëllt net just op sou Situatioune sensibiliséieren, si wier och bereet Betraffene juristesch zur Säit ze stoen. Wann et eng national Gesetzgebung géif ginn, "an dat ass jo, fir dat mir plädéieren, da wier dat vill méi einfach".

Aarbechtsministère net géint nationaalt Gesetz

Mat der Lëtzebuerger Regierung an dem Aarbechtsministère ass d'Chambre des Salariés awer bis elo éischter enttäuscht, well der CSL hir Gesetzespropos och no zwee Joer nach ëmmer net op groussen Enthusiasmus gestouss wier. Op europäeschem Niveau wier Lëtzebuerg engagéiert, datt déi Direktiv no vir kënnt, "mee op nationalem Niveau ass awer ganz laang näischt geschitt", seet d'Nora Back.

Den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel seet eis op Nofro hin: Hie wier absolut net dogéint, um nationale Plang iwwer Plattformaarbecht ze legiferéieren, a säi Ministère géif och ëmmer méi konkreet un engem Gesetz schaffen:

"Ech hunn elo d'Impressioun, datt et Kräfte gëtt, déi déi Direktiv manner staark wëlle maachen. Dofir gëtt et elo vläicht fir d'Gesetz zu Lëtzebuerg den zweete Gank anzeleeën, an dat si mer jo och am gaangen, fir dat elo fäerdeg ze maachen."

Wéi vill Leit zu Lëtzebuerg fir digital Plattforme schaffen ass iwwregens net gewosst. Et gëtt nach keng konkreet Statistiken.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.