Dieschbourg begréisst USA-Virstouss bei Klimaziler

Den US-President Barack Obama krut nieft de Kritike vill Luef fir säin Clean Power Plan, deen den 3. August presentéiert gouf. Als “couragéierte” President gëtt hie gesinn, a säi Plang als bis elo wichtegste Schrëtt an der amerikanescher Klimapolitik beschriwwe – besonnesch am Hibléck op d’Weltklimakonferenz am Dezember zu Paräis.

Ech si frou datt de Barack Obama seng Responsabilitéit an der Klimapolitik iwwerhëlt”, esou d'Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi hofft, datt d’Annoncen aus de Vereenegte Staaten en Afloss op aner Länner wäerten hunn an déi sech vun der Konferenz zu Paräis e verbindlechen Accord wënscht. Ob et zu sou engem Accord kënnt, ass awer hirer Meenung no nach net kloer.

Den Interview vum Christiane Kleer mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen