Radioen

On air

Tockcity  |  Bruckner & Eli Preiss - Party Mit Mir Selbst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deutschland, übernehmen Sie

EU-POLITESCHE WOCHERÉCKBLÉCK

Deutschland, übernehmen Sie

D'Corona-Kris huet d'EU voll am Grëff. Dës Woch huet d'Kommissioun hir Previsioune fir d'Wirtschaft no ënne korrigéiert. Ëmsou méi grouss gëtt den Drock, datt sech d'Länner eens ginn, iwwer Hëllefs-Mesuren. D'Fronten awer si verhäert. Hëlleft et do, datt elo Däitschland d'Presidence vun der EU iwwerhëlt? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

4 min

Foto: Elke Weber (Archiv)

Däitschland huet elo d'Presidence vun er EU iwwerholl. Bréngt dat d'Saach vläicht virun?

Dat ass op alle Fall d'Hoffnung vu ville Leit. Dës Woch war d'Kanzlerin Angela Merkel am Europaparlament op Besuch. Si huet do eng engagéiert Ried gehalen, an där si op d'Solidaritéit gepocht an op Zäit gedréckt huet. Jiddweree misst prett si Kompromësser ze maachen, sou hiren Appell.

Den Drock ass effektiv grouss. Virun allem Länner, déi am meeschte vun der Rezessioun betraff sinn, erwaarde sech, datt elo séier een Accord kënnt. Den italienesche Premier Guiseppe Conte sot, ouni ambitiéise Pak géif den europäesche Bannemarché zerstéiert.

D'Länner aus dem Süden insistéiere weiderhin, datt ee groussen Hëllefspak gebraucht gëtt, an datt déi Sue keng Kreditter sinn, also keng Suen, déi si zeréckbezuele mussen. Déi aner, déi dat net wëllen, mat Holland un der Spëtzt, ginn awer och net no.

Bis lo ass een do also net onbedéngt weider komm. Däitschland kann do d'Welt net retten. D'Kanzlerin Angela Merkel huet sech méi staark ageschalt, si huet bilateral Entrevuë mat verschiddene Staats- a Regierungscheffen. Et gëtt den Ament op ville Fronte verhandelt. Et huet ee souguer heiansdo den Androck, datt et där vläicht ze vill sinn.

Heescht dat, datt ze vill matenee geschwat gëtt?

Net onbedéngt, mee et ass heiansdo schwéier ze gesinn, wien do den Iwwerbléck behält, wien d'Fiedem an der Hand huet.

D'Kanzlerin Merkel huet wéi gesot Gespréicher, dann ass de Conseilspresident Charles Michel domat am Gaangen. Hien ass et jo eigentlech, deen d'Staats- a Regierungscheffen den nächste Freideg a Samschdeg hei zu Bréissel empfänkt, an hien ass am Gaangen een nom anere mat de Leaderen ze schwätzen. An dann ass och nach d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am Spill. Och si probéiert erauszefannen, wou déi rout Linne vun den eenzele Länner leien.

Et gëtt op allen Niveaue probéiert an et ass ze hoffen, datt déi vill Fiedem da kënnen zesummegezu ginn.

D'Coronakris hat jo vun Ufank u mat sech bruecht, datt jiddweree méi no sech kuckt an der EU - deen Trend geet also esou virun?

Net ongebremst op alle Fall. Et gëtt och aner Tendenzen. Zum Beispill d'Propose vun Däitschland a Frankräich, déi jo ee Fonds de relance vun 500 Milliarden Euro proposéiere. An zwar a Form vun Subsiden, Suen also déi net mussen zeréckbezuelt ginn. Dat ass virun allem vun däitscher Säit aus ee Revirement.

Da gëtt et eng Partie Länner, déi sech wéi gesot net schéngen ze beweegen, déi weider insistéieren, datt de Fonds just a Form vu Kreditter sollt ausbezuelt ginn.

Holland hält och drop, datt d'Länner solle kënne matschwätzen a kontrolléieren, wéi d'Sue verdeelt ginn, fënnt esou guer, datt déi national Parlamenter missten doriwwer ofstëmmen.

Normalerweis wier dat der Kommissioun hir Aufgab, déi Kontroll ze iwwerhuelen. Datt bestëmmte Länner hei wëllen den Domm drop halen, weist, datt si der Kommissioun net vertrauen. An dat weist eben och, datt probéiert gëtt, méi Pouvoir op de nationale Niveau ze hiewen.

Elo huet jo d'Kommissioun hir Previsioune fir d'Ekonomie an der EU no ënne revidéiert. Si seet also eng méi staark Rezessioun viraus. Wéi een Afloss huet dat dann op d'Diskussiounen iwwert de Rettungspak?

Et wäert natierlech dozou féieren, datt déi Länner, déi am stäerkste getraff si wéi Italien a Spuenien éischter méi wéi manner Sue froen. Méi, domat sinn awer eng Partie net d'accord.

An da stellen déi nei Zuelen och d'Verdeelungskrittären a Fro, déi vun der Europäescher Kommissioun proposéiert goufen.

Déi Krittäre baséieren op de Chômagezuelen vun de Jorn virdrun. Dat gouf vun enger Partie Länner, och vu Lëtzebuerg, kritiséiert. Mam Argument, et misst een hei Krittären huelen, déi méi enk un d'Kris gebonne sinn. Dat kéint nawell ubruecht sinn.

Well deene Prognose no, déi d'Kommissioun elo korrigéiert huet, géif d'Ekonomie a Polen zum Beispill am mannste staark ofhuelen. Pole gehéiert awer zu deene Länner, déi dem Schlëssel vun der Kommissioun no am drëtt meeschte vum Rettungspak géif profitéieren.

Do muss zimmlech sécher nogebessert ginn och wann d'Kommissioun dat bis elo net maache wollt.

Kënnt et dann nach virun der Summerpaus zu engem Accord?

Jo wann net, da gëtt et fir verschiddener keng Summerpaus - sou vill steet fest... Et ass net sécher, géif ech soen, datt dat nächst Woch gepackt gëtt. Et gëtt der, wéi Italien awer och Däitschland a Spuenien, déi drop bestinn. Anerer si manner presséiert. Do muss sech nach villes beweegen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.