Deontologie-Codex fir Députéiert bal prett

D’Chamber-Institutiounskommissioun huet hir Aarbecht um Deontologie-Codex fir d’Députéiert gëschter sou gutt ewéi ofgeschloss. Ze kläre bleift ënnert anerem nach wéi de Comité zesumme gesat gëtt, deen der Chamber fir d’Applicatioun vun de neie Reegelen soll berodend zur Säit stoen. Kloer ass, datt de Chamber-Büro déi 5 Memberen vun deem externe Gremium nennt an datt op d'mannst ee Jurist an e fréieren Deputéierten solle vertruede sinn.

Déi Lénk sinn als eenzeg Partei net zefridden mam Deontologie-Code wéi en elo virläit: dat well d’Deputéiert hire Patrimoine net mussen deklaréieren an d’Declaratioun vun héije Revenuen net detailléiert genuch wier.

Dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no kann d’Chamber nach virum Summer iwwert de Verhalenskodex ofstëmmen, sou dass déi nei Reegelen nach virum Enn vum Joer kéinten a Kraaft trieden.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen