Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Zäitzeie Jacques Poos

Europapolitik

Den Zäitzeie Jacques Poos

15 Joer laang, vun 1984 bis 1999, war de Jacques Poos Lëtzebuerger Ausseminister. An enger Zäit an där Europa an d'Welt historesch Amenter erlieft hunn. Haut fënnt hien, Europa hätt sech ze séier entwéckelt. "Dat ginn ech haut zou, obwuel ech en Acteur dovu war." Vill Problemer vun haut hätten hir Ursaachen an der Vergaangenheet.

auto_stories

3 min

"Wie mat der CSV als Juniorpartner an d'Koalitioun geet, dee verléiert Plommen", warnt de Jaques Poos. Den aktuelle Sondagen no gewënnt d'CSV un Zousproch a gëtt méi staark. Dat wier awer nëmmen eng Momentopnam, mengt de fréieren LSAP-Ausseminister a -Vizepremier a warnt: "Wie mat hinne koaliséiert, ass verluer."

Ursaach vun dëser "Momentopnam" wieren déi vill Reforme vun der Dräierkoalitioun. De Lëtzebuerger wier konservativ a ville Leit wieren ze vill Reformen ze séier komm. Déi Reaktioun géif awer erëm verfléien. De fréiere Vizepremier ass der Meenung, d'Bevëlkerung misst weisen, datt et keng Partei wéilt, déi alles eleng regéiert - dat wier nämlech mat der CSV de Fall.

Fir de Jacques Poos ass et schwéier, virauszegesinn, wéi déi nächst Legislaturperiod ausgesäit. Fir hien ass awer kloer: Eng CSV-ADR Koalitioun wäert et net ginn. D'ADR, mee och déi Lénk si fir de fréieren LSAP-Minister net koalitiounsfäeg. "Do misst de Wieler d'Konsequenzen zéien an déi Parteien net wielen.

Ze séier

De Jacques Poos war gutt 15 Joer Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie an huet déi national, wéi och d'EU-Politik mat gepräägt. Haut huet den LSAP-Politiker en differenzéiert Bild op d'EU: Si hätt sech ze séier erweidert. "Mir hunn dat net verdaut." Aus dem haitege Bléckwénkel wier ee grousse Feeler zum Beispill dee gewiescht, datt aussepolitesch Beschlëss vun der EU unanime misste geschloss ginn.

Haut géif d'EU méi schlecht do stoen, wéi zu senger politesch aktiver Zäit, esou de Jacques Poos. Dat kéim awer och doduerch, datt d'Medien d'EU als Sënnebock géifen duerstellen. Et géif ëmmer gesot ginn "Et ass Bréissel", dobäi géifen déi eenzel Memberlänner Drock op d'Kommissioun maachen - direkt oder iwwer Lobbyen - wa si "déi eng oder aner Reglementéierung verlaangen. Dann entsteet eng oniwwersiichtlech Gesetzesmass, déi d'Leit net méi verstinn."

Eng Rei Gefore fir Europa

D'Gefor, datt Europa zerfält, wier duerch de Brexit verstäerkt ginn, mengt de Jacques Poos. D'Brite wieren awer schonn ëmmer hallefhäerzeg Membere gewiescht. "Si hunn ëmmer no Amerika gekuckt."

Europa géif haut zréckbezuelen, wat an der Vergaangenheet verbrach gouf, esou de fréiere Vizepremier. Dëst virun allem duerch de Kolonialismus, duerch dee vill afrikanesch Staaten nach haut onregéierbar sinn. "D'Leit hunn hir Perspektiven am Heemechtsland verluer. Dofir versiche si ënner Liewensgefor bei eis ze kommen."

Angscht mécht dem Jacques Poos de Populismus, dee bannent a baussent Europa un Zousproch gewënnt. Dee charakteriséiert sech fir de fréieren LSAP-Politiker duerch dräi Charakteristiken: Brutalen Nationalismus, Friemenhaass an eng Anti-Europa-Astellung.

Och eng Chance

Déi Charakteristike géifen op den neien US-President Donald Trump passen, deen an den Ae vum fréieren Diplomatiechef eng Gefor fir Europa ass. Dëst besonnesch op Grond vu senger Aversioun géint de Fräihandel, duerch de Protektionismus an duerch seng europafeindlech Astellung. "Hien erkennt Europa mat sengen Institutiounen net un."

Ma de fréiere Vizepremier gesäit awer och eng Chance: "D'EU huet sech ëmmer duerch Amerika influenzéiere gelooss. Vläicht géif Europa sech elo dorop besënnen, datt ee verschidde Saachen och eleng ka maachen.

De Jacques Poos ass iwwerdeems dofir, datt d'EU hir Relatioune mat Russland entspaant. Duerch d'Sanktioune géif Europa sech nämlech nëmme selwer an d'Fleesch schneiden.