Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ufank vun engem schwéiere Prozess

Decouverte vun 200 Kannerläichen

Den Ufank vun engem schwéiere Prozess

De Kanada steet nach ëmmer ënner Schock eng Woch no der grujeleger Decouverte vun den Iwwerreschter vun iwwer 200 Kanner an engem fréieren Internat an der Provënz British Columbia. Ëmmer méi Stëmme, dorënner d'UN Mënscherechtskommissioun, appelléieren un de Kanada fir ee fir alle mol Liicht an dëst däischtert Kapitel vu senger Geschicht ze bréngen. Des Découverte kéint nämlech just d'Spëtzt vum Äisbierg sinn.

auto_stories

3 min

Indigène Museker hu sech dës Woch spontan beim engem Denkmal am Zentrum vu Vancouver versammelt dat un déi honnerte Kanner erënnert deenen hir Iwwerreschter um Site vun engem fréieren Internat fonnt goufen.

D'Häerzstéck vum Denkmal sinn 215 kleng puer Schong, ee Symbol fir déi 215 verluere Liewe vun dësen indigène Kanner.

Iwwerliewender vun dësen Internater sinn och bei d'Denkmal komm, fir Gedichter virzeliesen an d'Leit ze sensibiliséieren.

Déi indigène Natioun déi d'Decouverte Enn leschter Woch gemaach huet, hat een Expert ugestallt fir mat Hëllef vun engem Geo-Radar de Buedem ze sondéiere beim gréissten Internat a Kanada, der Kamloops Indian Residential School. Ënnert den Iwwerreschter solle Kanner gewiescht sinn, déi nëmmen dräi Joer al waren.

Schwéier psycholgesch Schiet, dauere bis haut un

D'Angela White ass Direktesch vun der Indian Residential School Survivors Society, déi d'Iwwerliewend vun dësen Internater ënnerstëtzt a begleet. Si seet datt d'Iwwerliewend den Ament duerch eng immens schwéier Zäit ginn.

"Si sinn am gaangen nees den Trauma vun hirer Kandheet an den Internater ze duerchliewen. Verschiddener sinn immens rosen, anerer sinn immens verletzt a voller Trauer a Leed."

Fir den Terry Teegee, regionale Chef vun der Assemblée vun den Urawunner an der Provënz British Columbia, war d'Nouvelle häerzzerräissend. Wat hien awer erliichtert, ass datt d'Kanadier des Woch een iwwerwältegende Solidaritéits-Elan gewisen hunn. Uechtert d'Land goufen Denkmäler opgeriicht, a Reaktioune vun Trauer, Solidaritéit a Matgefill koume vun iwwerall.

Iwwer 150.000 First Nation, Métis and Inuit goufen an dësen Internater tëscht 1870 an 1996 zwangs-internéiert, mam Zil fir se z'assimiléieren. Déi psychologesch Narbe vun där traumatescher Erfarung si bei villen Urawunner nach Haut ze gesinn, erkläert d'Marie-Pierre Bousquet, Anthropologin an Direktesch vum Programm fir indigene Studien op der Université de Montréal.

Just d'Spëtzt vum Äisbierg

Esou schockéierend wéi d'Decouverte och war, indigène Gruppe warnen, datt dëst just d'Spëtzt vum Äisbierg ass. Déi kanadesch Kommissioun fir d'Wourecht an d'Reconciliatioun huet bis ewell landeswäit 4.100 Stierffäll an dësen Internater verzeechent. Mee de reelle Chiffer kéint vill méi héich sinn, well villes an den Internater schlecht dokumentéiert gouf.

"Et gouf ronn 140 där Internater iwwer eng Period vun iwwer 100 Joer. Et ass duerchaus méiglech datt mer op alleguer de Sitte vun dëse fréieren Internater esou onmarkéiert Griewer wäerte fannen."

D'UN Mënscherechtskommissioun rifft elo de Kanada dozou op fir weider Ausgruewungen duerchzeféieren bei dëse fréieren Internater, an esou Liicht an dëst däischtert Kapitel ze schéngen. Déi kanadesch Regierung huet Mëtt der Woch ronn 30 Milliounen Dollar versprach fir d'Communautéite bei dëse Recherchen z'ënnerstëtzen.

Déi indigène Communautéit déi d'Decouverte gemaach huet muss elo de schwéiere Prozess ufänke fir des Iwwerreschter zesumme mat den zoustännegen Autoritéiten z'identifizéieren, a se dann hannescht an hir Communautéiten ze bréngen.

An dat ass nëmmen den Ufank vun engem laangen Heelungsprozess.