Radioen

On air

Resonanzen  |  Clarence Cameron White

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tourismus-Secteur huet sech 2022 erholl

Stad Lëtzebuerg

Den Tourismus-Secteur huet sech 2022 erholl

2022 sinn eng 103.000 auslännesch Touristen am Touriste-Büro vun der Stad Lëtzebuerg um Knuedler gezielt ginn. Dat ware der wuel ënner dem Stréch 22 Prozent manner, wéi virun der Pandemie. Am Summer eleng wieren d'Zuelen awer quasi um selwechten Niveau gewiescht, ewéi 2019. Den Tom Bellion, Direkter vum LCTO ass zefridden, a wëllt awer weider um Succès schaffen.

auto_stories

2 min

D'Stad Lëtzebuerg. Foto: Bigstock / bohemama

Lauschterenplay_arrow


No der Pandemie wëllen déi Responsabel vum Stater Tourismus bewosst op de Wee goen, fir de Visiteur net méi als Tourist un ze gesinn, mee als "Awunner op Zäit", seet den Tom Bellion vum LCTO. Am Konkrete soll domat dat, wat den Tourismussecteur ubitt, méi authentesch ginn.

D'Qualitéit vun de Produkter muss och stëmmen, esou den Direkter vum LCTO. Hien nennt e Beispill: D'Zuel vun de Leit, déi bei enger Visitt guidée duerch d'Stad derbäi ass, soll méi kleng ginn. Virun der Pandemie haten déi Gruppen eng Gréisst vu bis zu 30 Leit - elo sollen et der maximal 20 sinn, fir dass jiddweree méi dervun huet, esou den Tom Bellion.

Frou iwwer 2022

"Mir si besonnesch frou, datt d'Péitruss-Kasematten zanter hirer Reouverture esou gutt besicht sinn", ënnersträicht den Tourismusexpert. D'lescht Joer goufen do iwwer 8.500 Visiteure gezielt.

E Publikumsmagnéit bleift weiderhin awer och de Palais mat 5.000 Visiteuren:"Mir schaffen drun, och de Prozentsaz vu Leit, déi nach feelen, erëm ze kréien", versprécht den Tom Bellion.

D'Visiteuren, déi vun anere Kontinente kommen ewéi aus Asien, oder och déi vum amerikanesche Kontinent, wiere bis elo nach net erëm komm.

D'Leit bleiwen iwwregens tëschent zwee an 2,5 Deeg an der Stad Lëtzebuerg.