Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den OGBL wëllt bei de Verhandlunge mat um Dësch sëtzen

Accord salarial beim Staat

Den OGBL wëllt bei de Verhandlunge mat um Dësch sëtzen

Den OGBL fuerdert weiderhi beim nächsten Accord salarial vun der Fonction publique mat um Verhandlungsdësch ze sëtzen, krut awer bis ewell keng Äntwert vum zoustännege Minister Marc Hansen. Dat soten d'OGBL-Vertrieder de Dënsdeg de Moie virun der Press. D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat sech virun zwou Wochen op eiser Antenn géint gemeinsam Verhandlunge mam OGBL a Saache Gehälteraccord ausgeschwat.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

"Da muss ech éierlech soen dass der eis net wäert gesinn lo mat aneren do um Dësch sëtzen an do Verhandlungen ze féieren."

Dat sot de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP am 100,7 Interview. Den OGBL kritiséiert dat mam Argument, datt d'Salaires-Entwécklunge vun de sougenannten assimiléierte Secteuren, also Eisebunn, Gesondheets-a Sozialwiesen och vum Accord salarial géifen ofhänken. Do géifen insgesamt méi Leit schaffen, wéi an der Fonction publique selwer, seet de Frederic Krier vum OGBL. Alles an allem géif et ëm 41.000 Leit am Gesondheets- a Sozialwiese goen, par rapport zu 30.000 an der Fonction publique.

Den OGBL wëllt weider Drock maachen

Den OGBL fuerdert ënner anerem eng Lounerhéijung vu fënnef Prozent am ëffentlechen Déngscht, sou de Frederic Krier.

"Dat ass dann e Rattrapage iwwer déi fënnef Joer a läit eigentlech nach ënnert der allgemenger Lounentwécklung déi mer an der gesamter Lëtzebuerger Wiertschaft haten, wou mer eleng scho vun de Joren 2018 bis 2021 cumuléiert op sechs Prozent louchen."

Weider Fuerderunge vum OGBL sinn e modernt Delegatiounsgesetz fir d'Fonction publique, an eng Diskussioun iwwert d'Aarbechtszäiten. Den aktuelle Gehälteraccord leeft den 31. Dezember aus. Wann een näischt géif vum Minister Hansen héieren, da géif een an den nächsten Deeg an engem weidere Bréif reagéieren, sou nach den OGBL-Vertrieder Fréderic Krier.