Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Impakt vun der Kris op d'Wirtschaft

Corona-Kris

Den Impakt vun der Kris op d'Wirtschaft

D'Corona-Kris bremst déi europäesch Wirtschaft méi staark wéi uganks ugeholl. D'Europäesch Kommissioun huet an der Konjunkturprognos d'Zuelen no ënne revidéiert, och fir Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Den EU-Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni. Foto: EU / Lukasz Kobus (Archiv)

De Bäitrag vum Danièle Weber lauschterenplay_arrow


De Grand-Duché ass an dëser Prognos manner haart getraff wéi aner Länner. Fir déi ganz EU rechent d'Kommissioun elo domat, datt d'Ekonomie dëst Joer ëm 8,3 Prozent vum PIB erofgeet, dat ass däitlech méi ewéi nach em Mee. Virun zwee Méint war Bréissel vun engem Minus vu 7,5 Prozent ausgaangen.

Ënnerschiddlechen Effekt

Datt d'Previsioune méi däischter sinn ewéi virdrunner géif dru leien, datt d'Ophiewe vun de Restriktiounen, déi wéinst der Pandemie agefouert goufen, méi lues virugeet, wéi deemools ugeholl. Wéi erwaart huet sech d'Kris ënnerschiddlech staark an de verschiddene Memberlänner vun der EU ausgewierkt.

Den EU-Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni erkläert, datt nodeems d'Confinementsmesurë revidéiert gi sinn, ee festgestallt hätt, datt d'Ënnerscheeder tëschent den EU-Memberstaate nach méi grouss sinn. Italien bleift och an där neier Prognos dat Land, wat am häertste getraff ass. Der Kommissioun no muss Italien dëst Joer domat rechnen, datt d'Ekonomie ëm 11,2 Prozent erofgeet.

Zuele fir Lëtzebuerg no ënne revidéiert

Och fir Lëtzebuerg goufen d'Zuelen no ënne revidéiert. Am Mee hat d'Kommissioun vun enger Rezessioun vu 5,5 Prozent geschwat, elo geet si vun 6,25 Prozent aus. D'Lëtzebuerger Regierung war vun Ufank u méi virsiichteg an ass bis elo vu engem Minus vu sechs Prozent ausgaangen.

D'Antikrise-Mesuren, déi elo an de Memberlänner an och um Niveau vun der EU geholl ginn, hätte sécher scho gehollef, mee et wier eng Geschicht vun Ongläichheeten, déi méi grouss géife ginn, warnt de Paolo Gentiloni.

D'Reprise géif d'nächst Joer och manner staark ausfale wéi bis elo virausgesot. D'Kommissioun rechent fir 2021 mat engem Wuesstum vu 5,8 Prozent. Dat ass awer mat Virsiicht ze genéissen, well et eng ganz Partie Inconnuen gëtt, notamment déi, datt net gewosst ass, ob et bis Enn des Joers zu engem Ofkommes mat Groussbritannien kënnt.