Den Highway an d’Kollaboratioun

Wat huet den Asaz oder Net-Asaz fir den nationale Patrimoine haut mam Asaz oder Net-Asaz fir Demokratie a Mënscherechter am Zweete Weltkrich ze dinn? An dat ganzt mat engem Psychoscours op der ULB aus den 80er Joren? Erstaunlecherweis ganz vill, mengt den Historiker Denis Scuto:

 

Et gi Momenter am Liewen, déi esou extra vun der Atmosphär hir sinn, dass se sech fir ëmmer aprägen. Ee vun deenen hunn ech erlieft während mengem Studium op der ULB zu Bréissel, viru bal 30 Joer. Et woar um Ufank vun engem Cours magistral an engem groussen Auditoire beim Professer Jean Dierkens an der Psycho. Et ass virun allem seng douce Stëmm un déi ech mech haut nach gutt erënneren, an eben och un e Moment wou mär Studenten a Studentinnen den Otem ugehal hunn. Deen Dag huet e säi Cours domat ugefaangen, dass en e puer Minutten driwwer philosophéiert huet, wéi wichteg déi mënschlech Fäegkeet zum Staunen wier. Mär wossten net ob dat elo schonn zum offiziellen Deel vum Cours géif gehéieren an ob mer scho sollten Noten huelen oder net. Bis en op de Punkt koum: Hee wier zur Zäit immens erstaunt. Erstaunt, dass zënter e puer Wochen Hakekräizer op de Maueren vu verschiddenen Unisgebaier gemoolt wieren, an dass nach kee vun eis se ewechgemaach hätt.

Ech hu virun e puer Wochen missen un dee Moment denken, wéi ech iwwer d'Héichuewenterrasse zu Belval, déi zënter dem Summer deelweis op ass, getrëppelt sinn a gemierkt hunn, dass de Fonds Belval den Highway ofgerappt huet, deen no de Pläng vun den Architekte Baumschlager, Ebele & Bauer sollt bis bei d'Maison du savoir, Haaptgebei vun der Uni Lëtzebuerg um Site, féieren.

Den Highway, fir déi, déi et net wëssen, woar déi Transportstrooss vu 500 Meter, déi d'Couléeshale vun den Héichiewen A, B an C verbonnen, an un eng Bréck erënnert huet, well en op enger Héicht vun 8 Meter verlaf ass. An de preparative Workshopen zur Reconversioun vun der Héichuewenterrass soten d'Architekten an d'Urbanisten, dass, wann et den Highway net géif ginn, een e misst erfannen. A si hunn e verglach mat der High Line zu New York, fréieren Zuchviaduc, dee mëttlerweil en urbane Park ginn ass, deen aus der Stad net méi wechzedenken ass. Wou d'New Yorker an d'Touriste spazéieren, flanéieren, sech op Bänken ausrouen, Kënschtler nokucken, Musiker nolauschteren oder vun uewe West Side Manhattan beobachten. Dat, wat den Highway zu Belval fir d'Leit déi do wunnen, schaffen oder studéiere wuel och an de Projete vun deenen Architekten an Urbaniste sollt ginn.

Mee den Highway ass elo fort. Dofir sinn ech immens erstaunt, dass ech nach néierens en Artikel gelies oder en Interview héieren hu vun engem Architekt oder Urbanist, dee sech doriwwer opreegt an d'Reconstructioun vum Highway zu Belval fuerdert. Ech hoffen et ass net aus deene Grënn déi e puer vun hinnen am private Gespréich erwänen. Si fannen dat schlëmm mam Highway, mee soen näischt; wëllen net unecken, well se jo och awer weiderhin ëffentlech Optreeg wëlle kréien.

Ech sinn doriwwer esou paff, dass ech un den Dierkens hu missen denken. Mee ech maachen och en anere Lien, an zwar mat de Recherchen, déi mech zur Zäit als Historiker beschäftegen. Ganz spezifesch ass et d'Fro vun der Kollaboratioun vu Lëtzebuerger Beamte mam Nazi-Okkupant um Ufank vum Krich. Ech ginn zou, do goung et ëm eppes vill méi Wichteges, wéi de Respekt oder d'Zerstéierung vun eisem nationale Patrimoine. Do goung et em de Respekt oder d'Verletzung vu perséinleche Fräiheeten, vu Mënscherechter.

An awer. D'Historiker vun haut postuléieren eben net méi, dass déi sougenannt "däischter Joren" an allem ganz anescht woaren, mee ënnersichen d'Kontinuitéiten, dat wat se vläicht méi mat eiser Géigewaart verbënnt, wéi mer mengen.

Nom Krich goufen déi Beamten, déi kollaboréiert haten, zur Rieds gestallt. Koume virun eng Enquêtekommissioun. Do goufe se gefrot, firwat se net géint Mesure protestéiert hunn, déi géint lëtzebuerger Gesetzer verstouss hunn, déi offensichtlech ongerecht woaren. Si hu sech verdeedegt, andeems se soten, déi Aner, souguer Fonctionnairen a Politiker déi iwwert hinne stoungen, hätten och net protestéiert. An den Drock vum Okkupant wier grouss gewiescht, de Risiko seng Plaz ze verléieren och.

Wann ech vun deene Fäll vu Kollaboratioun am Krich erzielen, kréien ech heiansdo gesot: Mär wësse jo net wéi mär deemools gehandelt hätten... Dat ass richteg. Mee ech bezéie mech dann op den Dierkens an den Highway zu Belval fir déi Froestellung ze refuséieren. Déi eigentlech Fro ass net: Hätte mär deemools de Mond gehalen, matgemaach, protestéiert oder eis gewiert? Well d'Äntwert op déi Fro ass reng theoretesch, net ze tranchéieren an engagéiert zu näischt. Déi fundamental, existentiell Fro, déi d'20. Jorhonnert un d'21. Jorhonnert stellt, ass a bleift déi heiten: Wéi reagéiere mer a wat maache mer haut?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen