Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Epidemiolog: "Den Héichpunkt kënnt an e puer Wochen"

D'Gripp zu Lëtzebuerg

Epidemiolog: "Den Héichpunkt kënnt an e puer Wochen"

Déi lescht Woche goufe bei eis eng 600 Grippefäll offiziell vun de Laboe confirméiert. "Dat beweist, datt mir eréischt um Ufank vun der Grippewell sinn", seet den Epidemiolog Joël Mossong. An e puer Woche misst ee mat nach vill méi Fäll rechnen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

"Loosst Iech géint d'Gripp impfen" - dat ass de Message vum Epidemiolog Joël Mossong vun der Santésdirektioun. Et hätt sech erwisen, datt den Impfstoff vun dësem Joer "esou gutt ewéi et nëmme geet" géint déi aktuell Grippevire géif schützen.

Dat wier eng gutt Nouvelle, dat wier an de leschte Joren net ëmmer esou gewiescht. Wann ee sech also elo nach impfe léist, dann hätt een - fir den erwaarten Héichpunkt vun der Gripp - an e puer Wochen eng Immunitéit erreecht.

Riske bei enger Co-Infektioun?

"Speziell Riske si bei enger Co-Infektioun mat Grippen - a Coronavirus net bekannt", seet de Joël Mossong. Et wier esouguer esou, datt wann de Kierper eng Immunäntwert op ee Virus mécht, een direkt och eng gewëssen Immunitéit par Rapport zu anere Viren hätt.

Déi meescht aktuell Fäll wiere jonk Leit, esou de Joël Mossong. D'Réckmeldunge vun den Doktere géif soen, datt d'Gripp en "normale Verlaf" huet". D'Leit wiere wuel e puer Deeg krank, schlëmm Verleef wiere bis elo net gemellt.