Radioen

On air

9 bis 1  |  Crimer - Sportscar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den europäeschen Emissiounshandel soll ausgebaut ginn

Klima

Den europäeschen Emissiounshandel soll ausgebaut ginn

Den Emissiounshandel ass ee vun de Kärstécker vun der europäescher Klimapolitik. D'Iddi ass, datt déi, déi CO2-Emissioune verursaachen och dofir bezuelen. Den Handel mat CO2-Zertifikater war bis elo op déi grouss Industrie beschränkt.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Zu Lëtzebuerg sinn dovu just eng 20 Entreprisen betraff. Elo awer soll en ausgebaut ginn, op eng ganz Partie Secteuren, dorënner och den Transport an déi privat Stéit. Dorop hu sech de Weekend no enger Marathon-Sitzung d'Europaparlament an d'Memberstaaten gëeenegt.

Lëtzebuerg war net erpicht drop, den Emissiounshandel op d'Stéit an den Transport ze erweideren - an éischter Linne, well de Grand Duché selwer een nationalen CO2-Präis-System agefouert huet, gëtt d'Ëmweltministerin zou. D'Joëlle Welfring kann deem elo awer eppes ofgewannen.

"Et ass een Deel vum Pak wou mer net esou drop aus waren, mee wann een dat ganzt Grousst kuckt ass et gutt, datt mer duerch a ganz Europa eenheetlech Reegele kréien. An ee kléngt Land wéi Lëtzebuerg ass do de Gewënner bei der Saach."

45 Euro pro Tonn CO2

Eng zentral Fro ass, wéi sech dat Ganzt dono op de Portmonni vun den EU-Bierger auswierkt. Fir dat a Grenzen ze halen, huet d'Europaparlament drop gepocht, datt den CO2-Präis fir deen neien Deel vum Emissiounshandel gedeckelt gëtt an zwar op 45 Euro pro Tonn CO2. Dat garantéiert, sou de Liberale Pascal Canfin, datt zum Beispill de Präis vum Bensin just minimal klëmmt. Déi gréissten Hausse ass an deene Länner z'erwaarden, déi selwer nach keng CO2-Steier agefouert hunn.

"Wann ech deen Extremfall huelen, da géif dat maximal zéng Cent um Liter Bensinn ausmaachen."

A Frankräich zum Beispill, wou den aktuellen CO2-Präis scho bei 44 Euro läit, géif sech deen neie System guer net bemierkbar maachen, sou den Europadeputéierten.

Präissteigerungen zu Lëtzebuerg net ausgeschloss

Lëtzebuerg huet vum Januar un een Niveau vun 30 Euro pro Tonn CO2 ugesat. Datt den europäesche System, dee vun 2027 u gëlle soll, fir eng Präis-Hausse suerge kéint, schléisst d'Ëmweltministerin net aus.

Do géifen d'Detailer nach net textuell virleien an dat misst een nach Regierungs-intern kucken, seet d'Joëlle Welfring. Wichteg wier och, datt ee géif een Aen op d'Energiepräisser halen "wëssend datt mer de Moment kee staarkt zousätzlecht Präissignal brauchen, mat deenen héijen Energiepräisser, déi mer à ce stade hunn".

Nieft dem Plaffong ass am neie System och virgesinn, datt den Ufanks-Datum verluecht gëtt, am Fall wou d'Energiepräisser weider géife klammen. Virgesinn ass och een europäesche Sozialfonds, dee soll fir Kompensatioune suergen.