Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Denkmalschutz gëllt och fir Industriegebaier

Fräie Mikro

Den Denkmalschutz gëllt och fir Industriegebaier

An de leschte Wochen a Méint goung vill rieds vum Denkmalschutz. De Michel Pauly, Seniorprofessor fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, bedauert am Fräie Mikro, datt Industriegebaier beim Denkmalschutz dacks vergiess ginn.

auto_stories

4 min

D'Diskussioun ëm den Denkmalschutz ass erfreelecherweis nees opgebléit: Ech hunn am September-Heft vun der Zäitschrëft forum op en Neits missen op zwee Geriichtsurteeler hiweisen, déi eng Klassementsdecisioun vun der Regierung opgehuewen hunn. Déi nächst Woch sinn nees d'Journées européennes du Patrimoine ugesot. Am Ënnerscheed zum Ausland ass de Programm zu Lëtzebuerg, dee sech iwwer eng ganz Woch erstreckt, awer éischter e Sammelsurium vu Veranstaltungen, wéi thematesch fokusséiert. An da steet am Hierscht och de Projet de loi 7473 um Ordre du jour vun der Chamber, deen endlech soll d'Denkmalschutzpolitik reforméieren an hir eng méi sécher a kloer juristesch Basis ginn.

An der ëffentlecher Diskussioun stoung a leschter Zäit haaptsächlech de Patrimoine industriel, ganz besonnesch d'Keeseminnen um Site vun der aler Brasseursschmelz oder Terre rouge zu Esch. An den Äntwerten op zwou Questions parlementaires vum Deputéierte Marc Baum versicht d'Kulturministerin Sam Tanson sech erauszerieden, firwat si déi net ënner Denkmalschutz setze konnt. 2011 hat schonn d'Commission des Sites et Monuments - Cosimo genannt - sech fir eng Klasséierung vun aacht Ensembelen op der Rouder Lëns ausgesprach, allerdéngs ouni d'Keeseminnen, mee de Regierungsrot war deemools dergéint. De 14. Juli 2020 huet elo d'Kulturministerin déi Klasséierung duerchgesat. Awer och ouni d'Keeseminnen. Dat ass net ze verstoen. Well den 10. Mäerz haten eng Rei Leit eng Demande de Classement un de Kulturministère geschéckt, mat engem Dossier, deen esou gutt recherchéiert war, wéi ech als Member vun der Cosimo nach kee gesinn hunn.

D'Ministerin ass net kohärent

Dat Betongsgebei, an deem d'Eisenäerz virbereet gëtt, fir dann an den Héichuewe geféiert ze ginn, ass fir d'Wirtschaftsgeschicht, fir d'Architekturgeschicht, fir d'Sozialgeschicht vun eisem Land absolut eemoleg, wéi de Jacques Maas den 28. Mee op dëser Antenn erkläert huet. Besonnesch staark ass d'Argument, datt d'Keeseminnen 1907 eng weltwäit Pionéierleeschtung vun der Schwäizer Firma Züblin waren. An dësem Fall kënnt op alle Fall kee Geriicht d'Klassement ophiewe mam Argument, et wier net eemoleg, wéi se dat an der Lescht e puermol gemaach hunn, wéi wann all Gebaier vun engem bestëmmten Tipp missten zerstéiert sinn, éier de leschten Exemplaire dann däerf geschützt ginn.

Am Kulturministère heescht et, d'Demande de Classement wier ze spéit erakomm. Dat ass e schlechte Witz, well kee Promoteur deckt seng Kaarte fréizäiteg op: wéi sollen dann d'Denkmalschützer mat Zäit intervenéieren? Si si bal ëmmer just Pompjee. D'Ministerin seet och, den urbanistesche Projet fir déi Rout Lëns wier schonn ze wäit fortgeschratt fir d'Keeseminnen nach ze retten. Mee an der Rue Jean l'Aveugle um Lampertsbierg hat si den Arrêté nach geholl, wou d'Presslofthummere schonn um Wierk waren. Zu Esch hat si sechs Méint virum Bagger Zäit fir sech duerchzesetzen. Mee och zu Heeschdref hat si jo misse kleng bäiginn, well d'Familljeministerin géint d'Erhale vun de Wirtschaftsgebaier war, déi zum Schlass gehéiert hunn, déi elo awer solle Plaz maache fir en Heem fir Demenzkranker. Soulaang et Parteie gëtt, déi Industriebroochen oder Akerland, al Haiser oder Schlässer den Investitiounsfongen iwwerloossen, fir Profit ze maachen, wäerten d'Wunnengspräisser klammen an den Denkmalschutz keng Chance hunn.

Sites et Monuments brauch méi Personal

Wann déi Responsabel hir Feeler net nach eng Kéier wëlle widderhuelen, wiere si gutt beroden, sech elo scho mat ARBED-Schëffleng auserneenzesetzen, éier et och do nees heescht, et wier ze spéit fir ze retten, wat un Industrieanlagen nach do steet. Dofir gëtt et och héich Zäit, fir datt de Service des Sites et Monuments dat néidegt Personal kritt, fir an all Gemeng, och am Süde vum Land, deen Inventaire vun alle schützenswäerte Gebaier a Sitten ze realiséieren, deen am neie Gesetz virgesinn ass.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.