Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Autoleasingsecteur fäert wirtschaftlech Aboussen

Nei Ofgasnorme fir Autoen

Den Autoleasingsecteur fäert wirtschaftlech Aboussen

Den éischte Mäerz trieden zu Lëtzebuerg déi nei EU-Normen a Kraaft, fir d'Autosofgasen ze moossen. Dat huet Konsequenze fir d'Besteierung bei de Firmenween a Leasingsautoen, déi d'Hallschent vun den neien Immatrikulatiounen hei am Land ausmaachen. De Leasingsecteur rechent mat grousse wirtschaftlechen Aboussen a seet, dem Klima wier domat net gehollef. Doriwwer ginn d'Meenungen awer auserneen.

auto_stories

3 min

Nom Dieselskandal goufen nei Normen definéiert, déi de reelle Verbrauch vun engem Auto am Stroosseverkéier besser sollen erëmginn. Duerch de Wiessel vun den alen op déi nei WLTP-Norme "geet den CO2 an der Moyenne ëm 38 Prozent erop", seet de Gerry Wagner vum Verband vun de Leasingsgesellschaften.

Doduerch rutschen elo vill Firmeween an déi iewescht Kategorie fir d'Besteierung vum Avantage en nature, deen esou en Auto amplaz vun der Pai duerstellt. Dat, fäert de Gerry Wagner, géif dozou féieren, datt de Leasing vu Firmenween sech fir d'Employeeën net méi rechent.

Op Basis vun den Autoen, déi an déi héchst Besteierungskategorie vum Avantage en nature falen, géif hien dovun ausgoen, datt zu Lëtzebuerg pro Joer 10.000 Autoe manner géife verkaf gi wéi haut. Dat wieren 20 Prozent manner wéi elo. Mam Entretien an de Pneue géifen der Lëtzebuerger Wirtschaft riskéiere vill Suen laascht d'Nues ze goen, seet de Gerry Wagner. Hie geet vu ronn 370 Milliounen Euro d'Joer aus. Dobäi kéim d'TVA an d'Taxe de Circulatioun, wat nach eng Kéier ronn 70 Milliounen Euro géif ausmaachen, sou de Gerry Wagner.

Upassungen un den Avantages en nature néideg?

Mat der Hallschent vun den 90.000 Firmeween, déi hei am Land ugemellt sinn, fuere Frontalieren, déi mat esou Autoe vun den Employeure gelackelt ginn. Wa si elo léiwer méi Pai froen a sech doheem en Auto kafen, wieren dowéinst net manner Gefierer op der Strooss, seet de Gerry Wagner.

Den zoustännege Mobilitéitsminister ass net d'accord. Dem Gerry Wagner seng Rechnung wier "eng Milchmädchenrechnung an net realistesch", sou de François Bausch.

All d'Marke géifen haut Autoen ubidden, déi mat hiren Emissiounen ënner der héchster Steierkategorie leie géifen. D'Leasingsfirme kritiséieren, mat deenen neien Normen hätt och d'Besteierungstabell fir den Avantage en nature missen ugepasst ginn. Soss géif et just drëms goen, méi Steieren eranzehuelen. Och domat ass de François Bausch net d'accord.

"Wat si vu mir verlaangt hunn, dat muss ee sech emol virstellen an op der Zong zergoe loossen, datt ech elo déi Tabell, déi mir ausgemaach hu virun dräi Joer, esou adaptéiert hätt, datt Autoen déi haut vläicht am Katalog 130 Gramm uginn, reell der 160 oder 170 ausstoussen, datt ech d'Tabell esou manipuléiert hätt, datt deen awer géif ënnert 150 leien. Dat maachen ech ganz sécher net."

Autoen, déi méi polluéieren, ginn domat als Avantage en nature méi héich besteiert. Mat der ugekënnegter grousser Steierreform sollen nei Forme vun Avantages en nature ageféiert ginn, seet de François Bausch. Hie schwätzt zum Beispill vu Mobilitéitsbudgeten, well ee vun der Logik misst fortkommen, fir nëmmen op den Auto fixéiert ze sinn.

Den Duerchschnëtts-CO2-Ausstouss vun nei ugemellten Autoen ass eropgaangen.

De François Bausch verteidegt de Leasing awer och als Moyen fir d'Flott vun den Autoen, déi op der Strooss sinn, méi séier ze erneieren. D'Tabell vun den Avantages en nature misst esou opgebaut sinn, datt een d'Leit géif incitéiere sou séier wéi méiglech op 100 Prozent elektresch Autoen "eriwwer ze kréien".

Zanter d'Tabelle fir Besteierung vum Avantage en nature den CO2-Ausstouss vum Auto berücksichtegt, huet si awer net dozou bäigedroen, datt d'Lëtzebuerger Autosflott méi gréng ginn ass. Au contraire. An deene leschten dräi Joer ass den Duerchschnëtts-CO2-Ausstouss vun den nei ugemellten Autoen ëm 3,8 Prozent op 133,8 Gramm de Kilometer geklommen. Wann een do der Mobiz hire Berechnungen no 38 Prozent dropschléit, wieren dat deenen neien, méi realisteschen Normen no iwwer 180 Gramm de Kilometer.