Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ausbau vun der Primärschoul um Kiem

Kierchbierg

Den Ausbau vun der Primärschoul um Kiem

D'Ausbauaarbechte vun der Primärschoul um Kierchbierger Quartier Kiem wäerten am Oktober 2021 ufänken, dovunner geet déi zoustänneg Stater Schäffin Colette Mart am 100,7-Interview aus.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ufanks der Woch hate fënnef vun néng Memberen aus dem Elterecomité demissionéiert, aus Frust iwwer déi ze kleng Schoulinfrastrukturen. Den Ausbau vun der Anne-Beffort-Schoul gëtt zanter Jore gefuerdert, notamment well Plaz fir de Foyer scolaire feelt. Eng 100 Kanner stinn op der Waardelëscht fir de Foyer, dorënner och Kanner, wou béid Eltere schaffen.

Evolutioun vu Schülerzuele gouf ënnerschat

D'Collette Mart ass zouversiichtlech, datt ee fir d'Rentrée d'Waardelëscht um Kiem opgeschafft kréich. Eng Léisung wier et, 40 Kanner vun der Waardelëscht am Foyer zu Eech opzehuelen, seet d'DP-Schäffin, déi fir d'Schoulen zoustänneg ass.

D'Colette Mart gëtt zou, datt een d'Evolutioun vun de Schülerzuelen um Kiem ënnerschat hätt. Mëttelfristeg géif gekuckt ginn, fir e weidert Schoulgebai mat engem Foyer fir de Cycle 1 bäizebauen. Ëffentlech Schoulraim hätt een um Stater Territoire genuch.

Bei de Foyers scolaires misst awer nogebessert ginn. D'Colette Mart seet, datt d'Zuel vun de Kanner, déi a Foyere kommen, ëmmer méi grouss gëtt. Verschidde Sitten, op deene scho gebaut gëtt, misste lo méi grouss gebaut ginn. Et geet een dovunner aus, datt e grousse Prozentsaz vun de Kanner an de Foyer kënnt.

déi Lénk: Et feelt u Schoulinfrastrukturen

Den Oppositiounspolitiker vun déi Lenk Guy Foetz fënnt, datt d'Situatioun vum Kiem keng Ausnam wier - an der Stad géif et generell un ëffentleche Schoulinfrastrukture feelen. D'Leit géife vun der ëffentlecher Schoul degoûtéiert ginn a géifen a Richtung Privatschoul goen.

De Gemengeconseiller vun déi Lenk kritiséiert och, datt am neie PAP Hollerech keng Grondschoul virgesinn ass. D'Colette Mart verweist op déi geplangten nei Schoul am Garer Quartier: an der Adolphe Fischer Strooss wier schonn eng Schoul geplangt, an da kéint een net 100 Meter niewendrun eng aner Schoul bauen. Et misst een och d'Zuel vu Schüler an enger Klass am A halen.

Fir den Oploe vum Educatiounsministère gerecht ze ginn, géif ee kleng Schoule regroupéieren, esou d'Erklärung vun der Stater Schoulschäffen.