Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demonstratioun géint Urteel vum Europäesche Geriichtshaff

Manifestatioun

Demonstratioun géint Urteel vum Europäesche Geriichtshaff

Polnesch Gewerkschaftler hunn um Kierchbierg géint en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff demonstréiert. D'Manifestatioun ass gréisstendeels roueg verlaf. Gewerkschaftsspriecher hu Rieden op Polnesch gehal.

auto_stories

2 min

D'Gewerkschaftler, déi extra a Bussen aus Polen ugereest sinn, hunn um Boulevard Konrad Adenauer an der Stad an duerno virun der tschechescher Botschaft demonstréiert.

Video: Michèle Sinner

D'Vertrieder vun der Solidarność-Gewerkschaft aus Pole kritiséieren, datt duerch d'Urteel vum Europäesche Geriichtshaff déi ganz Regioun ëm d'Kueleminn zu Turów paralyséiert géif ginn.

Foto: Michèle Sinner

D'Gewerkschaft fäert, datt Honnertdausende vun Aarbechtsplazen a Gefor wieren. D'Famillje vun de Betraffene géife riskéieren an d'Aarmut ze rutschen.

Foto: Michèle Sinner

Fir kënnen an Dignitéit ze liewe géif d'Gewerkschaft elo virum Europäesche Geriichtshaff géint d'Urteel, d'Kueleminn zu Turów zou ze maachen, demonstréieren.

Gewerkschaftsspriecher hu virun hire Membere Rieden op Polnesch gehalen.

Foto: Isabel Scott

D'Police huet géint 9 Auer gemellt, datt eng 1.000 Demonstranten op der Plaz wieren. D'Gewerkschaftler waren duerno a Richtung tschechesch Ambassade gaangen. Tëschenzäitlech war de Boulevard John F. Kennedy a Richtung Stad gespaart.

Hannergrond vun der Demonstratioun ass en Urteel vum europäesche Geriichtshaff, dat indirekt festgehalen huet, datt déi polnesch Kueleminn zu Turow soll zougemaach ginn.

Am Virfeld hat d'Police de Kierchbierg ofgespaart a vill Stroosse waren och deelweis zou. Eng 840 Polizisten aus Lëtzebuerg sinn am Asaz.