D'Chrëschtmäert op der Place d'Armes a bei der Gëlle Fra waren tëscht 16.45 Auer an 18 Auer temporär zougemaach ginn. Eenzel méi radikal Gruppe waren zu där Zäit nach ënnerwee mam Zil op d'Chrëschtmäert ze kommen, nodeems d'Manifestatioun sech géint 17 Auer um Rond-Point Schuman gréisstendeels opgeléis hat.
E puer radikal Demonstrante probéieren op de Chreschtmaart ze kommen. Chreschtmaart ass gréisstendeels evakuéiert. Vill Leit an der Stad pic.twitter.com/DUEgeUoAuh
- Jean-Claude Franck (@Jcfranck) December 11, 2021
Eng 500 Leit hunn tëscht zwou a fënnef Auer um Rond-Point Schuman beim Glacis géint d'Covid-Mesurë vun der Regierung manifestéiert.
No den Ausschreidungen d'lescht Woch um Stater Chrëschtmaart, war d'Police-Presenz dëse Weekend massiv eropgeschrauft ginn, ënner anerem och mat Verstäerkung vun der Belscher Police. Wéi vill Poliziste genau am Asaz sinn, wollt d'Police op Nofro hinn net präziséieren.
De Police-Minister Henri Kox hat ausserdeem decidéiert, datt dëse Weekend just an enger limitéierter Zon dierf demonstréiert ginn: déi Zon geet vum Glacis bis op d'Place de l'Europe op der anerer Säit vun der rouder Bréck. Dee Korridor gouf de Mëtteg esou awer net genotzt: D'Manifestatioun huet sech op de Rond-Point Schuman konzentréiert, dee während e puer Stonne blockéiert war, sou datt och den Tram op deem Streckenofschnëtt net konnt fueren.
Dem Versuch den erlaabte Perimeter a Richtung Stadzentrum ze verloossen war d'Police mat engem Waasserwerfer begéint.
Manifestanten hu Knupperten a Fläschen op d'Police geheit - an et koum vereenzelt och zu Gerangel tëscht Polizisten a Manifestanten. Da goufen d'Police awer och opgefuerdert, sech mat de Manifestanten ze solidariséieren.
Wärend verschidde Manifestante just friddlech manifestéiert hunn, waren eng ganz Partie Persounen dobäi, haaptsächlech jonk Männer, déi den erlaabte Perimeter mat Force verloosse wollten an déi et op e Konflikt mat de Sécherheetskräfte wollten ukomme loossen.