Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Staat seng Responsabilitéit ass nach net ofschléissend gekläert

Kolonialgeschicht

Dem Staat seng Responsabilitéit ass nach net ofschléissend gekläert

Dréit och Lëtzebuerg en Deel Verantwortung fir Verbriechen, déi an de belsche Kolonie geschitt sinn? Déi Fro kéint een haut nach net definitiv tranchéieren, seet de Régis Moes, Historiker am Staatsmusée. Lëtzebuerg wier ni eng Kolonialmuecht gewiescht. Allerdéngs hätten Deeler vun der Politik hei am Land Leit, déi an de Kongo wollte goen, moralesch ënnerstëtzt a souguer encouragéiert, dat ze maachen. Ob eist Land sech dofir entschëllege misst, wier am Moment nach net ze soen.

auto_stories

1 min

De Staatsministère huet d'Uni Lëtzebuerg chargéiert, op deem Thema ze schaffen. Am Abrëll d'nächst Joer gëtt eng Ausstellung zum am Staatsmusée op, déi och zu där Diskussioun wäert bäidroen.

"Den Haff - d'Famill vum Prënz Felix - hat Interessien am Mosambik: dat si Randfroen, déi och nach ze behandele wieren. Mee de Lëtzebuerger Staat en tant que tel war menges Wëssens no ni légalement implizéiert. Och wann de Soutien moral et politique ganz present war."

Enn den 1950er Jore wiere ronn 600 Lëtzebuerger am Kongo gewiescht. Dem Régis Moes no eng "Walclientèle, déi ee muss fleegen". Dat géif zu engem Deel d'Begeeschterung vun engem Deel vun de Regierunge fir d'Kolonialisatioun erklären.

Wann ee sech entschëllegt, misst ee wësse firwat ee sech entschëllegt, sou de Régis Moes. Lëtzebuerg hätt eng kolonial Vergaangenheet, sou den Historiker: Am Kongo wieren an all den Etappe vun der Kolonialisatioun Lëtzebuerger present gewiescht, déi sech um System bedeelegt hunn, deen op Rassismus opgebaut war. De Lëtzebuerger Staat wier senger Meenung no awer just indirekt implizéiert gewiescht, andeems en d'Lëtzebuerger am Kongo ënnerstëtzt huet.