Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Joe Biden säin éischten Dag am Wäissen Haus

Chronik

Dem Joe Biden säin éischten Dag am Wäissen Haus

Gëschter war dem Joe Biden säin éischte ganzen Dag am Wäissen Haus. Deen neie President vun den USA huet séier wëlle weisen, wat seng Prioritéite sinn. Vun engem Dag op deen anere war den Donald Trump fort.

auto_stories

2 min

Den éischten Dag vum Joe Biden als President vun den USA. Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Al Drago - Pool via CNP

Déi éischt Impressioun: d'Wäisst Haus steet nach ëmmer. Déi zweet: jiddwereen huet endlech de Mondschutz un. D'Mataarbechter vum Donald Trump ware stolz ouni ronderëm getrëppelt. Am Joe Biden sengem Wäissen Haus ass de Mondschutz ganz normal an esouguer vun der neier Regierung virgeschriwwen.

De Wiessel am Wäissen Haus

All Membere vun der Trump-Regierung si fort, keen ass méi iwwreg. Den Joe an d'Jill Biden wunnen elo um zweete Stack.

Am West Wing an am grousse Bürosgebai niewendru gëtt geplënnert. Honnerten nei Mataarbechter kommen an deenen nächsten Deeg un. Si hu scho Méint laang um Joe Biden sengen Dekreter geschafft, déi hien déi lescht zwee Deeg ënnerschriwwen huet.

Experte kommen nees zu Wuert

An zwee Deeg gouf et schonn zwou Pressekonferenzen, d'Spriecherin huet eis net ugejaut, an eis goufe keng Ligen iwwer d'Unzuel vun de Leit bei der Vereedegung gezielt

Gëschter koum dann den Dr. Anthony Fauci nees zu Wuert. Den Expert a Saache Coronavirus hat och probéiert mat der Trump-Regierung ze schaffen, mee hie gouf ignoréiert, well hien et gewot hat dem President seng absurd Iddien iwwer Traitementer a Fro ze stellen. D'Experten dierfen nees schwätzen, esou wëllt et den Joe Biden.

Seng Regierung, seet hien, wäert d'Wourecht zielen, och wa se wéideet. Esou seet de President ëmmer nees, datt et mam Virus méi schlëmm wäert ginn éier d'Lag sech verbessert.

A wat mécht den Donald Trump?

Den Donald Trump huet op sengem éischten Dag als Ex-President näischt besonnesch Neies gemaach. Hie war Golf spillen a sengem Club a Florida, do wou hie geflücht war fir net misse beim Joe Biden senger Vereedegung dobäi ze sinn.

Et ass keng nei Ära an Amerika, et ass alles einfach nees e bësse méi normal. An dodru musse mir eis fir d'éischt emol gewinnen.