Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Ben Gastauer seng lescht Course

Tour de Luxembourg

Dem Ben Gastauer seng lescht Course

Haut ass den Depart vun der éischter Etapp vum Tour de Luxembourg am Cyclissem. Ënnert den 126 Coureuren am Peloton, déi bis e Samschdeg 740 Kilometer op de Lëtzebuerger Stroossen ze fuere kréien, sinn och siwe Lëtzebuerger. Dorënner de Ben Gastauer, fir deen dësen Tour déi lescht Course vu senger Karriär gëtt. Am Alter vu bal 34 Joer huet de Schëfflenger, deen an der Lescht vill mat Verletzunge geplot war, decidéiert, e Schlussstréch ze zéien. De Ben Gastauer hat ëmmer de Ruff en "équipier modèle" ze sinn. An déi Roll, am Schied vun senge Leaderen, hätt hien och ni bereit.

auto_stories

2 min

Hien hätt a senger Karriär méi erreecht, wéi hie sech virgestallt hätt, seet de Ben Gastauer. "Ech si wierklech glécklech mat der Karriär, déi ech gemaach hunn. Ech si frou fir all d'Resultater, déi d'Ekipp gemaach huet, wou ech weess, datt ech derbäi war a gehollef hunn, datt d'Ekipp déi Resultater konnt erreechen."

Fir hie wier et wichteg gewiescht dee Sport ze maachen, deen him Spaass mécht. "Vun dohier war dat fir mech eigentlech perfekt."

Zil: Den Tour de Luxembourg mat engem gudden Ekipperesultat op en Enn bréngen

Den Tour ass fir hien déi éischt Course zënter Abrëll, a gläichzäiteg déi lescht vu senger Karriär. Duerno ass Schluss. Eng Verletzung mécht him zënter e puer Méint d'Liewe schwéier, dofir hätt hien och kaum kënnen trainéieren.

"Déi lescht fënnef Méint konnt ech elo net vill fueren. Ech si wäit ewech vun deem Trainingsvolumen wou ech normalerweis misst maachen. Dofir hunn ech och elo decidéiert, dass et meng lescht Course wäert sinn. Ech hoffe just, dass ech elo genuch Form hunn fir déi fënnef Deeg duerchzekommen. Et deet mer e bësse leed fir de Rescht vun der Ekipp, datt ech net déi super Form hunn fir déi lescht Course, besonnesch well mer eng gutt Ekipp um Depart hunn."

Elo géif et fir hien drëms goen, fir iwwer déi nächst fënnef Deeg ze kommen an der Ekipp sou vill wéi méiglech ze hëllefen e gutt Resultat ze maachen.

Kee Giro a keng Olympiad méi

Den Tour ass fir hien déi éischt Course zënter Abrëll - esou laang plot hie sech elo scho mat enger Verletzung ronderëm, gläichzäiteg ass et déi lescht vu senger Karriär. Dat war net onbedéngt esou geplangt.

Hie wier gären nach eng Kéier de Giro d'Italie gefuer an natierlech och bei der Olympiad dobäi gewiescht.

"Vu datt elo meng Ziler net méi do sinn, du hunn ech geduecht: ok, dann huet elo kee Wäert eppes ze forcéieren, wou herno de Risiko grouss ass, dass ech mech onglécklech maachen. A wa kee richtegt Zil méi do ass, dann ass vläicht och net méi déi richteg Motivatioun do."