Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deltour "aus Biergerpflicht gehandelt"

LuxLeaks-Prozess

Deltour "aus Biergerpflicht gehandelt"

Den Antoine Deltour seet, hien hätt et net geziilt op Steierrulingen ofgesinn. D'Ausmoossen, déi d'Debatt kritt huet, géifen him Recht ginn. De Journalist Perrin seet, hien hätt seng Aarbecht gemaach.

auto_stories

5 min

Den Antoine Deltour am Geriichtssall

Den ugeklote fréiere PricewaterhouseCoopers-Mataarbechter Antoine Deltour huet ofgestridden, et geziilt op Steierrulingen ofgesinn ze hunn. Hie wär iwwer d'Steierpraktike vu groussen Entreprisen entsat gewiescht. Dofir hätt hien d'Dokumenter, op déi hien zoufälleg gestouss wier, kopéiert, sou de Whistleblower.

Méint duerno hätt hien dem Journalist Edouard Perrin d’Tax Rulinge ginn. Net ouni ze zécken an och net fir Suen. "Ech hunn dat aus Biergerpflicht gemaach", sou den Antoine Deltour viru Geriicht.

Widerspréchlech Aussoe vun Deltour a Perrin

Dem Edouard Perrin hätt him nogeluecht, d'Nimm vu sengem Patron PwC a vu präzise Clienten net ze verëffentlechen, erkläert den Antoine Deltour. Him wier et drëms gaang, op de Besteierungssystem, mat deem hien net averstan war, am grousse Ganzen opmierksam ze maachen.

De Journalist Edouard Perrin huet där Versioun allerdéngs viru Geriicht widersprach. Hien hätt dem Deltour erkläert, datt d'Dokumenter misste publizéiert ginn. Anescht hätt een an där Enquête soss keng Beweiser kéinte virleeën. No engem Treffe wier de Journalist am Glawen heem gaang, d’Steierrulinge kënnen ze verëffentlechen.

Den Antoine Deltour seet, hie wier sech duerchaus bewosst gewiescht, entgéint verschidden Obligatioune gehandelt ze hunn. D'Ausmoossen, déi d’Debatt no de LuxLeaks-Revelatioune kritt huet, hätten him awer Satisfaktioun ginn. D’Aarbecht vun de Journalisten hätt seng eegen Interpretatioun vun de Steierrulinge validéiert.

Hie wär erliichtert, datt hie sech an allen Eenzelheeten hätt kéinten ausdrécken, sou den Antoine Deltour no der Auditioun. "Ech hunn den Androck, datt de Riichter mengen Erklärungen nogelauschtert huet. Hien huet mir erlaabt, mech laang a breet z'erklären." Iwwert den Ausgang vum Prozess wär hien awer weider beonrouegt, seet den Antoine Deltour.

Perrin: "Hu meng Aarbecht gemaach"

Den ugeklote Journalist Edouard Perrin huet viru Geriicht dementéiert, den zweete PwC-Whistleblower Raphael Halet gesteiert ze hunn. Den Halet hat schonn d'lescht Woch ënner Eed ausgesot, datt hien de Journalist op präzis Dokumenter opmierksam gemaach hätt, an net ëmgedréint. Den Edouard Perrin huet de Begrëff "Commanditaire" vu sech gewisen, den Uklopunkt vum "Vol" wier a sengem Fall scho virun engem Joer fale gelooss ginn. De Perrin kritt virgeworf, Co-Auteur, wann net esouguer Kompliz vum Halet ze sinn.

De Journalist seet, hien hätt sech näischt virzewerfen, hien hätt just seng Aarbecht gemaach. Et géif probéiert ginn, Angscht ze maachen. De Whistleblowers, awer och der Press. Grad bei der schlechter finanzieller Situatioun vu ville Medienhaiser kéint dës Zort vu Prozedur dozou féieren, datt ee sech géif zweemol iwwerleeën, ob ee sech op eng Affaire soll aloossen.

Whistleblower Halet steet dozou

De Raphael Halet, den zweete "Lanceur d'alerte" vu PwC, deen dem Edouard Perrin vertraulech Dokumenter zougespillt huet, steet zu deem wat hie gemaach huet. Hien hätt am Interessi vun der Allgemengheet gehandelt. Et géif ëm sou grouss Zomme goen, datt hien net näischt hätt kéinte maachen. Awer lo wär den Debat an der Ëffentlechkeet, a säin Deel wär eriwwer: "Et ass u jidderengem, un der Gesellschaft, de Gewerkschaften, der Politik, de Responsabelen, fir d'Aufgab z'iwwerhuelen an dat ze änneren, wat muss geännert ginn."