Radioen

On air

Tockcity  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déierentransporter: Net méi laang ewéi aacht Stonnen?

REVISIOUN VUN DÉIERENTRANSPORT-REGLEMENT

Déierentransporter: Net méi laang ewéi aacht Stonnen?

Eng Partie EU-Länner warne virdrun, ze streng Reegele bei den Déierentransporter anzeféieren, mam Argument déi europäesch Bauere géifen dorënner leiden. D'Lëtzebuerger Regierung setzt sech mat anere fir kloer Limitten an.

auto_stories

3 min

Foto: dpa / Patrick Pleul

Portugal hat d'Initiativ geholl an e Méindeg den Debat ënnert de Ministere lancéiert. D'EU-Reegele missten esou iwwerschafft ginn, datt se den eenzele Länner net schueden, heescht et an enger Nott, déi aacht Länner ënnerschriwwen hunn. Dorënner si nieft Portugal och ënner anerem Spuenien, Griicheland, Frankräich an Irland.

Majoritéit vun den EU-Länner virsiichteg

"Den Handel mat liewegen Déieren ass ee wichtegen Deel vun eisem Liewensmëttelsecteur", sot an der Debatt zu Bréissel den iresche Minister den Charlie McConalogue. Irland wier eng Insel, an et misst een op déi spezifesch geografesch Situatioune vun de Länner Récksiicht huelen. Änlech argumentéiert den Ament d'Majoritéit vun den EU-Länner.

Hinne géintiwwer steet eng hallef Dosen, déi sech dofir asetzen, datt Déieren-Transporter an Drëtt - also net EU-Länner carrement solle verbuede ginn. Dozou gehéiert Lëtzebuerg, wat sech deene Länner ugeschloss huet, déi eng maximal Transportzäit vun aacht Stonne fuerderen.

D'Argument, datt esou ee Verbuet der europäescher Landwirtschaft schuede géif, léisst de Landwirtschaftsminister Claude Haagen net gëllen.

Lëtzebuerg fir een EU-wäiten Export-Verbuet

"Déi Gefor gesinn ech net. Au contraire: Ech gesinn éischter, datt ee méi kompetitiv bleift, wann een d'Déierewuel respektéiert an d'Déierentransporter am Interêt vun den Déieren organiséiert. Wann een et géif fäerdeg bréngen, Drock op Drëttlänner ze maachen, fir datt si déi Normen och iwwerhuelen, dann hätte mer fir d'Déieren am Grousse Ganzen eppes gemaach."

Och d'Enquête-Kommissioun iwwert d'Déierentransporter am Europaparlament war zejoert am Januar zur Konklusioun komm, datt een Transport, dee méi laang ewéi aacht Stonnen ass, net méi ze vertrieden ass.

"Wat den Transport méi laang ass, wat d'Leide vun den Déieren an d'Luucht geet", sou d'Presidentin vun där Enquête-Kommissioun, déi gréng Europadeputéierte Tilly Metz.

"Dat weise wëssenschaftlech Etuden, ënner anerem vun der Europäescher Liewensmëttel-Agence. Mir wëssen, wéi eng Hell d'Déiere wärend deene Wochen an a verschiddene Fäll esou guer Méint, deelweis duerchgemaach hunn an dat musse mer verbidden."

Am Rapport vum Parlament gëtt recommandéiert, lieweg Déiere just nach an déi Länner ze exportéieren, an deenen déi nämmlecht Standarde gëlle wéi an der EU.

EU-Kommissioun wëll Gesetzes-Text nach dëst Joer presentéieren

Vu Lëtzebuerg aus dierfe just Zuucht-, net awer Schluechtdéieren an Drëttlänner transportéiert ginn. Dat sollt fir d'ganz EU gëllen, seet de Claude Haagen.

"Lëtzebuerg gëtt déi Autorisatioun net méi, dobäi bleiwen mer . Mir hunn eis fir een Export-Verbuet ausgeschwat, well mer d'Normen, déi bei eis gëllen, an Drëtt-Länner net iwwerwaachen kënnen. Déi Länner sollte sech eise Normen vun der Santé animale upassen."

Och an Däitschland gëllt schonn een Exportverbuet. Et wier néideg, datt d'EU sech sou séier wéi méiglech gemeinsam Reegele gëtt, ënnersträicht den däitschen Agrarminister Cem Özdemir.

"Denn es ist niemandem geholfen, wenn die Transporte in ein anderes EU-Land stattfinden, und dann von dort in ein Drittland gehen."

Et ass un der Europäescher Kommissioun, déi nei Reegelen ze presentéieren. D'Argumenter aus der Debatt ënnert de Ministere géife mat abezunn, sot um Enn déi zoustänneg EU-Kommissärin. D'Déierewuel hätt Prioritéit. "Näischt ze maachen, ass keng Optioun", sou d'Stelly Kyriakides. Wéini hir Propos um Dësch läit ass nach net kloer. Eisen Informatiounen no soll dat eréischt nom Summer geschéien.