Radioen

On air

De Weekend  |  Cass Mccombs - Switch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi sanitär Mesuren an de Schoule "musse flexibel bleiwen"

Schoulrentrée

Déi sanitär Mesuren an de Schoule "musse flexibel bleiwen"

D'Regierung wëllt weiderhi flexibel mat de sanitäre Mesuren an de Schoulen ëmgoen. Dat betount den Educatiounsminister Claude Meisch haut um Dag vun der Rentrée am Fondamental.

auto_stories

2 min

De Claude Meisch ass Educatiounsminister fir d'DP

D'Coursë fänken ouni allgemeng Maskeflicht an de Klassesäll erëm un. De Claude Meisch betount awer, dat kéint sech an de nächste Wochen awer erëm änneren:

"Mir hunn ëmmer gekuckt, datt mer mat der Santé kënnen e Konsens fannen tëscht deem, wat am Intressi vun der Virusbekämpfung ass, an deem, wat am Interessi vun de Kanner an hirer Bildung ass."

Fir esou ee Wee ze fanne misst ee flexibel bleiwen, betount den Educatiounsminister. "Ech gi fest dovunner aus, datt mer dëst Trimester och net esou ophalen, ewéi mir et ufänken."

Dat kéint a béid Richtunge goen: Jee nodeems, wéi d'Pandemie sech entwéckelt, kéinten déi sanitär Mesuren an de Schoulen entweder opgelackert ginn, oder nees méi streng ginn, esou de Claude Meisch.

"Mir wëllen dat net, mee mir sinn awer och prett fir erëm eng Kéier Verschäerfungen ze maachen."

Schoulflicht gëtt verlängert

D'Decisioun fir d'Schoulflicht bis 18 Joer ze verlängere wier keng direkt Suite vun der Corona-Kris. De Claude Meisch betount et géif hie stéieren, datt et am Lëtzebuerger Schoulsystem am Moment keng wierklech Ausbildungsoffer fir verschidde Jonker iwwer 16 Joer gëtt.

Dofir wier et un der Zäit d'Obligation scolaire ëm zwee Joer ze verlängeren, esou den Educatiounsminister. Hien engagéiert sech awer gläichzäiteg nei Ausbildungsweeër fir déi concernéiert Schüler auszeschaffen.

Dat soll an enger Iwwergangsphas geschéien, éier déi gesetzlech Schoulflicht dann definitiv ugehuewe gëtt, preziséiert de Claude Meisch.