Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi psychesch Gesondheet bei de Jonken

Corona-Pandemie

Déi psychesch Gesondheet bei de Jonken

Déi psychesch Belaaschtung vun der Pandemie - net nëmmen, mee virun allem duerch Kontaktbeschränkungen - géif sech bei jonke Leit op ënnerschiddlech Manéiere weisen. Dat seet d'Psychologin Claire Russon; si ass Attachée à la direction am CePAS (dem fréiere CPOS), deen de psycho-sozio-edukativen Encadrement an de Lycéeën organiséiert.

auto_stories

3 min

Wärend de Stress sech bei jonke Schülerinnen a Schüler op eng méi extrovertéiert Aart a Weis ausdréckt (zum Beispill duerch méi en aggressiivt Verhalen), géifen eeler Jugendlecher éischter dozou tendéieren, sech op sech selwer zeréckzezéien.

An der Schoul géif ee mierken, datt vill Schülerinnen a Schüler ënner Drock sinn, och wéinst deene villen Ännerunge bei de Coursen, oder där laanger Zäit, déi se am Home-Schooling virum Ecran hu misse verbréngen.

Och de Manktem u sozialem Kontakt hätt en Afloss op de Schüler hir psychesch Gesondheet an hiert Wuelbefannen, sou d'Claire Russon. D'Reaktioune wiere bei jidderengem anescht, a géifen och vum Alter ofhänken:

"Mir hunn z.B. observéiert, datt déi méi jonk Schüler méi en opfällegt, extrovertéiert Verhalen un den Dag leeën, méi ondisziplinéiert ginn. Wärend méi al Schüler sech immens upassen. Professioneller maache sech dacks och Suergen iwwer déi Iwwer-Upassung an Iwwer-Akzeptanz bei deenen eelere Jonken vu 17, 18, 19 Joer. Si hu sech éischter hanner där Mask verstoppt an hu funktionéiert. Si verschléisse sech éischter an zéie sech op sech selwer zeréck."

D'Claire Russon geet och dovun aus, dass d'Problemer sech net mam Enn vun der Pandemie a Loft opléise wäerten:

"Et ass net vun engem Dag op deen aneren, datt een depressiv gëtt. Et ass net vun engem Dag op deen anere wou ee vun Angschtstéierunge geheelt gëtt. An deem Sënn musse mir och domat rechnen, datt fir dat alles opzeschaffen a fir déi verschidde sozio-emotional Kompetenzen ze entwéckelen a weider opzebauen, dass dat nach eng Zäitchen dauere wäert."

Ënnerschiddlech Approchen

Wéi d'Schoulen domat ëmginn, hätt ganz vill mat der Kultur vun den eenzele Gebaier ze dinn, seet d'Claire Russon:

"Wéi et vu Famill zu Famill Ënnerscheeder gëtt, gëtt et vu Lycée zu Lycée och Ënnerscheeder jee nodeem wéi d'Kultur vum Zesummeliewen och scho war. A gewësse Lycéën war et schonn eng Kultur fir ganz vill Präventiounsaarbecht ze maachen, fir fir d'Zesummeliewen an de climat scolaire scho verschidden Dispositifen en place ze setzen. An déi Lycéeë sinn natierlech méi gewappnet."

Et hätt sech gewisen, datt déi fréier Lycées techniquen - wou scho méi laang Educateuren an Assistants sociaux am Asaz sinn - besser virbereet waren wéi Schoulen, wou et déi Kultur nach net esou laang gëtt, sou d'Claire Russon.